Radioen

On air

De Weekend  |  Celeste - Stop This Flame

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg verléiert zwou Plazen am Ranking vun der Pressefräiheet

Neie Rapport vu Reporter ouni Grenzen

Lëtzebuerg verléiert zwou Plazen am Ranking vun der Pressefräiheet

Lëtzebuerg rëtscht am weltwäite Ranking vun der Pressefräiheet vun der 11. op déi 13. Plaz. Dat geet aus dem neie Rapport vu Reporter ouni Grenzen ervir.

auto_stories

2 min

© picture alliance / foto2press | Steffen Proessdorf
(Foto: picture alliance / foto2press | Steffen Proessdorf)

Datt Lëtzebuerg am Ranking vu Reporter ouni Grenzen zwou Plaze verluer huet, wier “net dramatesch”, esou reagéiert de President vun der Lëtzebuerger Journaliste-Vereenegung ALJP. Mee 2024 hätt een op een Neits gesinn, datt et fir Journalisten nach ëmmer schwiereg wier, Informatiounen ënner anerem vun den Autoritéiten ze kréien, seet de Misch Pautsch. 

Hei am Land géif et also nach ëmmer de Problem vum Zougank zu Informatioune ginn.

De Ranking vun der Pressefräiheet 2025 | © picture alliance/dpa/dpa Grafik | dpa-infografik GmbH
De Ranking vun der Pressefräiheet 2025 (Foto: picture alliance/dpa/dpa Grafik | dpa-infografik GmbH)

ALJP: Projet geet net duer

De Gesetzprojet fir den Informatiounszougang fir Journaliste géif net wäit genuch goen, esou de Misch Pautsch.

“Wat elo mol am Raum steet ass jo den aktuelle Gesetzesprojet, an deem virgesi gëtt, datt, ech zitéieren, d'Situatioun oder d'Aarbechtsbedéngunge vun de Journaliste bei der Aarbecht oder beim Erausgi vun den Dokumenter mat a betruecht geholl solle ginn. Dat geet eis natierlech net duer.”

Et bräicht een eendeiteg an aklobar Deadlines, fir un Informatiounen ze kommen, esou de Vertrieder vun der ALJP.

“Dat steet och an eisem Avis dran. Ob mir dat kréien, wäert sech weisen. Mir kämpfen natierlech derfir. Mir wäerten eis op guer kee Fall domadder zefridde ginn, wann et net esou wäert sinn.”

De Misch Pautsch ass President vun der ALJP | © radio 100,7
De Misch Pautsch ass President vun der ALJP (Foto: radio 100,7)

D'Fro vun der Pressehëllef zu Lëtzebuerg

Eng weider Fro ass déi vun der Ëmverdeelung vun der Pressehëllef hei am Land, déi laut dem neie Rapport vu Reporter ouni Grenzen éischter de grousse Pressegruppen ze gutt kënnt. Dozou seet de Misch Pautsch.

“Do muss ee soen, datt mir zu Lëtzebuerg nach an enger vergläichsweis gudder Situatioun si mat der Pressehëllef, déi mir kréien. Wat natierlech net verhënnert, datt een do verbessere kéint a verbessere muss. Et ass natierlech wouer, datt do verschidde Grousser am meeschten dovunner profitéieren, déi doduerch natierlech och hir Situatioun weider verfestegen.”

Dat géif net eleng duerch d’Pressehëllef geschéien, mee och duerch verschidde Konzessiounsvertreeg fir déi ganz Grouss, esou den ALJP-President Misch Pautsch. Dat hätt natierlech och Repercussiounen op de Mediepluralismus zu Lëtzebuerg.

Aus dem Rapport vu Reporter ouni Grenze geet ervir, datt d’Pressefräiheet an 90 Länner schwiereg wier. De Fazit vun der Organisatioun ass, datt déi weltwäit Situatioun vun der Pressefräiheet op engem historeschen Déifpunkt léich.