Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 4.100 Dronen zu Lëtzebuerg ugemellt 

Luxembourg Drone Center

4.100 Dronen zu Lëtzebuerg ugemellt 

Dat sinn 80 Prozent méi, wéi nach virun zwee Joer. Déi Zuele goufen um Freideg bei der Ouverture vum Luxembourg Drone Center am CNFPC, dem Centre national de formation professionelle continue, genannt. 

auto_stories

2 min

headphones

1 min

	Luxembourg Drone Center : démonstration de vol de drone | © 	MENJE play_arrow
Luxembourg Drone Center : démonstration de vol de drone (Foto: MENJE)

D’Dronenindustrie ass zënter e puer Joer am Opschwong, dat och hei zu Lëtzebuerg. Eng nei Realitéit wéi den Educatiounsminister Claude Meisch fënnt, déi hie gläichzäiteg awer och als Chance ugesäit. 

“ Eng Realitéit, déi och berufflech Perspektive fir ganz vill Leit mat sech bréngt, fir an deem Beräich eeben sech auszebilden, sech ëmzeschoulen an de Besoin u Formatioun, dee gëtt do natierlech méi grouss.” 

Nei Formatiounen 

Deem Besoin probéiert een elo mam neie Luxembourg Drone Center beim CNFPC zu Esch an zu Ettelbréck nozegoen. Bis ewell konnten e puer Formatioune bei der Direction d'aviation civile gemaach ginn. Mam neien Dronenzenter huet een elo eng nach méi grouss Offer fir op Formatioune kënnen zeréckzegräifen ouni dofir mussen an d’ Ausland ze goen.

Méi ewéi nëmme Fräizäit 

Drone si mëttlerweil vill méi, ewéi just eng Spillsaach seet de Gilles Rock, President vun der Lëtzebuerger Dronefederatioun.

“Analyse vu Bëscher, déi gi gemaach mat Dronen. Wann d'Naturkatastrophe passéieren, gëtt ganz schnell Interventioune mat Drone gemaach, fir den Zoustand ze erfaassen. Komplett 3D-Rekonstruktioune vu Sitten, vun Industrie, vu Chantieren, fir de Monitoring wärend der Bauphas ze maachen. Pompjeeë setzen d'Dronen all Dag a bei Feier, fir d'Situatioun ze erfaassen.”

Wéinst deene ville beruffleche Perspektiven déi engem de gudden Ëmgang mat enger Dron erméiglechen huet een sech dann och decidéiert mam CNFPC zesummenzeschaffen. D’ Formatioune bezéien sech op allméiglech Typpe vun Dronen – vu klénge bis hin zu deenen déi 25 Kilogramm weien.

Lauschterenplay_arrow