Radioen

On air

Notturno  |  William Doyle - Now In Motion

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fir de Krich ze ënnerbriechen, misst d'Ukrain op en NATO-Bäitrëtt verzichten

Russeschen Auslandsgeheimdéngscht

Fir de Krich ze ënnerbriechen, misst d'Ukrain op en NATO-Bäitrëtt verzichten

De Chef vum russeschen Auslandsgeheimdéngscht, de Sergej Naryschkin, huet eng Rei Bedéngunge genannt, ënnert deene Russland bereet wier, den Ugrëffskrich géint d’Ukrain z’ënnerbriechen. D’Ukrain misst dofir ënner anerem op en NATO-Bäitrëtt verzichten, eng neutral Positioun an Atomwaffenfräiheet garantéieren an d’ukrainesch Gebidder unerkennen, déi Moskau bis elo annektéiert huet.

auto_stories

1 min

Déi russesch Krichziler bleiwen domat onverännert, nodeems de Spezial-Emissär Steve Witkoff mam Kreml Chef Wladimir Putin verhandelt huet.