Hien hätt dësen Uerder och un d'Truppe weiderginn. Déi Waffepaus wier aus humanitäre Grënn decidéiert ginn, huet et aus dem russesche Verteidegungsministère geheescht – de reellen Hannergrond bleift onkloer.
D'Waffepaus schéngt och net konsequent respektéiert ze ginn. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenksyj seet a verschiddene Regioune laanscht d'Front géif weider gekämpft ginn, op anere Plaze wier et wuel awer méi roueg. Kiew huet iwwerdeems eng Verlängerung vun der Waffepaus op 30 Deeg proposéiert.