Radioen

On air

Thé Dansant  |  David Bowie - 1984

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 400 Persounen demonstréiere fir Fridden a Solidaritéit

Traditionellen Ouschtermarsch

400 Persounen demonstréiere fir Fridden a Solidaritéit

De Marsch deen zënter 2019 nees all Joers vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform organiséiert gëtt, huet dëst Joer net nëmme fir de Fridden an d’Solidaritéit, mee och fir d’Toleranz a fir de Kampf géint d’Diskriminatioun appelléiert. 9 Organisatiounen hu sech där Friddensbeweegung ugeschloss.

auto_stories

1 min

Ouschtermarsch | © Carole Schimmer
Ouschtermarsch (Foto: Carole Schimmer)

De Raymond Becker ass Initiateur vum Marsch an huet a senger Ried ënnert anerem den US-amerikanesche President kritiséiert. D‘Brieche mat den Allianzen, a mat villen Traditiounen hätten d‘Weltgemeinschaft getraff. Amplaz ze deeskaléieren, amplaz Diplomatie a Kooperatioun ze fërderen, géife vill Leit schéngen Angscht wëllen ze verbreeden.

Kloer wier datt versicht gëtt, wesentlech Elementer vun der Demokratie ze zerstéieren. Den US-President a seng Acolytte géife Attacken op d‘Wëssenschaft, d'Recherche an op d'Educatioun reiden an déi fräi Press wéi de Feind vum Vollek duerstellen.

De Raymond Beckerplay_arrow

"Ces phantasmes fascistes poussent inoxerablement à l'éffondrement de la société et de l'environnement."