arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Financièrë bannent Dokteschgesellschaften: vill Diskussioune bannent der AMMD

Santé

|
headphones

2 min

Financièrë bannent Dokteschgesellschaften: vill Diskussioune bannent der AMMD

Um Donneschdeg huet d'AMMD eng Newsletter un hir Membere verschéckt, fir si iwwer de leschte Stand ze informéieren. Op engem Punkt wier ee sech mëttlerweil eens, nämlech datt bannent den Dokteschgesellschafte keng beruffsfriem Gruppen, wéi Financièren, sollen dra sinn.

headphones

2 min

Ana Angel  | © Ana Angel
Chris Roller, President vun der AMMD (Foto: Ana Angel)

D'Méiglechkeet fir Dokteschgesellschaften opzemaache wier hinne scho laang versprach ginn, esou de Chris Roller, President vun der AMMD. Vill Diskussioune goufen et ronderëm d'Presenz vu Financièrë bannent deene Gesellschaften. 

Kënnen Doktere Patron vun aneren Doktere sinn? 

Fir de Chris Roller ass dee Sträitpunkt mëttlerweil an der AMMD gekläert. 

"Dat hu mir am Prinzip elo decidéiert, datt mir dat eeben net maachen, datt mir wierklech déi Dokteschgesellschaften eleng just fir Doktere selwer kënnen opmaachen."

Ee Sträitpunkt, dee bis ewell nach net ganz gekläert ass, ass d'Fro, ob Doktere kënnen aner Dokteren als Salariéen astellen. Fir de Chris Roller misst dat kënne méiglech sinn, ëmmerhi wier et an de Spideeler net vill anescht, och wann do d'Spidol an net een aneren Dokter de Patron ass. 

"Et ass awer eng gewësse Subordinatioun do. An ech mengen, datt et awer wichteg ass ze kucken, wat do d'Méiglechkeete sinn. Natierlech dat Ganzt an engem gereegelte Kader." 

Der CNS géif et u Reaktivitéit feelen 

Wann ee reelle Besoin fir nei Behandlungen do wier, da misst dat och kënnen ëmgesat ginn, esou de Chris Roller. Bei der CNS misst een awer heiansdo zéng Joer op eng Reaktioun waarden, kritiséiert de President vun der AMMD. 

"Zum Beispill mat der Schmäerztherapie, wat eng wichteg Saach ass, well et do e reelle Besoin gëtt. An eleng fir dat ze maachen, dat si komplex Consultatiounen, och komplex Patienten. An do huet et bei der CNS zéng Joer gebraucht, fir do en Accord, en Tarif ze fannen."

Dowéinst fuerdert d'AMMD, datt d'Dokteren ënner sech solle kënnen Tariffer festleeën an d'CNS kéint decidéieren, wéi vill dovu rembourséiert géif ginn. Fir déi Tariffer festzeleeën, géife si ee reelle Präis ausrechnen. 

"An de reelle Präis ass natierlech inclus Material, d'Locatioun vum Apparat oder vum Environnement an och d'Personal." 

Opgrond dovu soll d'CNS da kucken, wat wierklech medezinesch sënnvoll wier a wat e Benefice fir de Patient an d'Patientin wier, éier se kloerstellen, wat rembourséiert gëtt, esou de Chris Roller. A sengen Ae wier dat eng Approche, mat där ee méi séier kéint virukommen.