D’Dokteschvereenegung hat vun engem "historesche Schratt" geschwat, mat deem si e System hanner sech géife loossen, deen net méi mam Prinzip vun der fräier Beruffsausübung a mat de Realitéite vun der moderner Medezin vereinbar wier.
Fir d'Associatioun vun den Dokteren an der Ausbildung kann d'Opléise vun de Verträg eng Chance sinn. Dat dierft awer net zu engem Zwee-Klasse-System vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem féieren, ënnersträicht Dr. Lisa Zangarini, Vertriederin vun der ALMEVS.
Liberal Doktere solle kënne Gesellschafte grënnen
D’Fuerderung vun der AMMD, fir sech als liberal Dokteren als Gesellschaft kennen zesummenzedinn, deelt d'Dr. Lisa Zangarini. Dat wier nämlech souwisou och eng vun hire Kriticken um aktuelle System.
"De Budget an d'Valorisatioun vun allem, wat am Intra-hospitalier a vum Extra-hospitalier gemaach gëtt, ass komplett onbalancéiert, en faveur vum Intra-hospitalier, an alles wat am Intra-hospitalier gemaach gëtt, ass immens deier. A mir als futur Generatioune géifen eis einfach wënschen, datt elo een Terrain geschafe gëtt, wou Societéite kënnen ausserhalb vum Spidol gebuede ginn, no um Patient."
Dat wier och am Interêt vum Assuré, wann ee beispillsweis een Zentrum hätt, an deem e puer Generalisten zesumme mat Kardiologen oder Neurologen oder Kinéë schaffen.
"A wann dann de Patient e Kardiolog brauch, da kënne mir deen direkt am Haus weiderschécke bei dee Kolleeg, dee mir kennen."
Domat kéint een iwwer kuerz Weeër direkt Léisunge fir d'Patienten an d'Patientinne fannen, esou nach d'Dr. Lisa Zangarini.
Wat sinn d'Besoinen aus dem Secteur?
Eng Initiativ, fir Dokteren aus verschidde Spezialisatiounen zesummen ze bréngen, wier ëmmer gutt. Esou reagéiert d’Dr. Lisa Zangarini op d’Ukënnegung fir eng grouss Dokteschpraxis um Findel opzemaachen.
Bei deem Projet soll keng nei Klinik entstoen, mee eng Praxis an der bis zu 15 verschidde Doktesch-Spezialisatiounen sech d’Raimlechkeeten deelen. Et wier nach ze fréi fir eng kloer Positioun zu deem Projet ze hunn. Et géifen sech awer e puer Froe fir d’Nowuess-Doktere stellen, notamment op ee mat der neier Offer kéint de Besoinen aus dem Secteur nokommen.
"Mir brauchen e staarkt Primärsystem zu Lëtzebuerg a mir brauche jonk Dokteren, déi op Lëtzebuerg kommen. An aktuellen Diskussioune gesi mir néierens a wéi engem Sënn elo soll et méi attraktiv gemaach gi fir jonk Dokteren."
Een Dokter an Ausbildung hätt keng attraktiv Aarbechtskonditiounen zu Lëtzebuerg, sou d'Dr. Lisa Zangarini. Et géif een net weider bezuelt ginn, wann ee krank wier an d'Indemnisatioun, déi een aus bezuelt kritt, wier méi niddreg wéi am Ausland.
"A mir gesinn elo bei den aktuellen Diskussiounen net, inwifern do souwuel d'Qualitéit, mee och einfach d'Attraktioun vum Status vum Mefs wäert verbessert ginn. An och integréiert ginn an den Diskussioune vun neie Projeten, awer och vun d'Gesetzer"
D’Dr. Lisa Zangarini betount iwwerdeems, datt een deene Besoine vum Secteur kéint nokommen, andeems beispillsweis ee komplette Medezinstudium, mat Masterofschloss, zu Lëtzebuerg géif ugebuede ginn.