A sou munche Praxisse géif déi ganz Infrastruktur vu Finanzgesellschaften zur Verfügung gestallt ginn. D'Doktere géifen dofir dann ee Loyer bezuelen, erkläert de René Pizzaferri. Déi Tendenz géif een och am Ausland gesinn.
Dat kéint dozou féieren, datt den Investisseur um Enn vum Mount fënnt, dee Mount wier net rentabel genuch. Da kéint Drock ausgeüübt ginn op d'Dokteren, fir beispillsweis méi Patientinnen a Patienten unzehuelen, fäert de René Pizzaferri.
"An dann huet dat näischt méi mat d'Medezin ze dinn an da si mer kloer an engem Geschäft."
Net just dat hätt sech an deene leschten 30 Joer am Gesondheetswiese verännert.
Manner Disponibilitéit bei den Dokteren an Dokteschen
D'Dokteren hunn och entdeckt, datt d'Qualité de vie eppes wäert ass, soudatt do d'Aarbechtszäitenaschränkunge komm sinn, wat natierlech da bedéngt, datt dann och d'Disponibilitéit méi kleng ass.
Weider géifen och vill Dokteren an Dokteschen eriwwer op Lëtzebuerg schaffe kommen, awer just beispillsweis fir zwee Deeg an der Woch.
"A wann da Komplikatioune sinn, dann huet de Patient e Problem, well da muss hie bei en aneren Dokter goen, well säi jo net do ass."
D'Patientevertriedung versteet sech iwwerdeems net just als Stëmm vun de Patientinnen a Patienten, mee och als Uspriechpartner fir Leit, déi schlecht Erfarunge vu mat Dokteren oder Doktesche gemaach hunn.