arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bilan 2024: méi Infektiounskrankheeten

Gesondheetsministère

|
headphones

1 min

Bilan 2024: méi Infektiounskrankheeten

D‘Zuel vun den Infektiounskrankheeten, déi duerch Impfunge kéinte verhënnert ginn, ass d‘lescht Joer zu Lëtzebuerg däitlech geklommen. Dee Constat mécht de Gesondheetsministère a sengem epidemiologesche Bilan.

headphones

1 min

AstraZeneca | © Juan Roballo / Bigstock
AstraZeneca (Foto: Juan Roballo / Bigstock)

Virun allem d‘Fäll vu bloem Houscht si geklommen: 2024 goufen 1.000 Fäll gezielt, virun allem bei jonke Leit.

2024 waren dann och d‘Riedelen zréck komm, an et wiere grouss Efforten néideg gewiescht, fir dësen Ausbroch ze bremsen.

Och bei der Gripp war et d‘lescht Joer e Plus vun 39 Prozent, mat 8.200 Fäll.

Eng weider Baisse gouf et bei de Covid-Infektiounen. Parallel goufe 25 Fäll vu Syphilis gemellt.

De Ministère mécht an dem Sënn en Appell, datt ee säin Impfstatus reegelméisseg soll iwwerpréiwen.