Eng Mamm ass mat hirem Jong iwwert d‘Zebrasträife gaangen, wéi een donkelen Auto vun der Rue de Rollingergrund an d‘Avenue de la Faïncerie agebéit ass an déi zwee Foussgänger ugestouss huet. D‘Kand gouf blesséiert a koum an d‘Klinik. De Chauffer ass weidergefuer.
Wien eppes gesinn huet, ass gebieden, sech bei der Stater Police ze mellen.