De Krich an der Ukrain an deen am Noen Oste stinn am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen haut op der Reunioun vun den Ausseministere vun de 27 EU-Länner.
D‘Decisioun vun den USA, d’Pëtrols-Sanktioune géint Russland ze labbere fir de Weltmaart vun der Energie ze berouegen, ass ee vun de Sujeten, déi mat Sécherheet ugeschnidde ginn.
Ungarn blockéiert nach ëmmer Ukrain-Hëllef
E weidere Sujet ass déi vun Ungarn blockéiert Finanzhëllef fir d’Ukrain. Ungarn huet wëlles, dee Veeto eréischt dann opzehiewen, wann de Sträit iwwer d’Druschba-Pipeline an der Ukrain bäigeluecht ass.
Lëtzebuerg gëtt op där Reunioun vum Ausseminister Xavier Bettel vertrueden.
Austausch iwwer den Emissiounshandels-System
Zu Bréissel sinn haut och d’Energieministeren aus der EU zesummen. Och op där Reunioun dierft et an der Haaptsaach ëm d’Konsequenze vum Krich géint den Iran goen, an ëm d’Energiepräisser, déi zënter dem US-israeeleschen Ugrëff an d’Luucht gaange sinn.
Um Ordre du jour steet och een Austausch iwwer den Emissiounshandels-System. D’Länner si sech net eens, ob a wat méiglecherweis soll doru verännert ginn.
De Lëtzebuerger Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles ass op där Reunioun mat derbäi.