Um EU-Sommet en Donneschdeg huet den ungaresche Premier säi Veto net opginn: D’Ukrain muss deemno weider op hir Sue waarden, Suen déi d’Europäesch Unioun dem Land verbindlech zougesot hat.
Och hat déi Decisioun am Dezember mat gedroen. Zwee Méint drop awer huet de Viktor Orbán et sech anescht iwwerluecht a säi Veto ageluecht.
Wéi kënnt d'Ukrain un d'Finanzhëllef? Um EU-Sommet gouf et keng Äntwert
Zënterhier gëtt an der EU gerätselt, wéi et dann elo virugeet a wéi d’Ukrain awer nach un déi versprachen 90 Milliarden Euro komme kann.
Um EU-Sommet gouf et dorop keng Äntwert - ausser dem widderhuelte Verspriechen, datt d’EU ee Moyen fanne wäert, déi Suen auszebezuelen.
Huet dat elo Konsequenze fir de Viktor Orbán, datt hien sech net u säi Wuert gehalen huet? Wéi hunn déi aner Staats- a Regierungscheffe reagéiert? An wéi geet et viru fir d’Ukrain? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.