arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ungarn a Slowakei blockéieren erfollegräich Ausbezuele vu Prêt un d'Ukrain

EU-Sommet

|
reading time

2 min

Ungarn a Slowakei blockéieren erfollegräich Ausbezuele vu Prêt un d'Ukrain

Ungarn, mat der Ënnerstëtzung vun der Slowakei, blockéiert weider d’EU-Finanzhëllef fir d’Ukrain. Dat geet aus de Verhandlungen um EU-Sommet zu Bréissel ervir. Ungarn géif de Finanzpak an Héicht vun 90 Milliarden Euro réischt matdroen, wann Ungarn nees mat russeschem Pëtrol versuergt géif.

reading time

2 min

Viktor Orban a Robert Fico | © EPA/MARTIN DIVISEK
Viktor Orban a Robert Fico (Foto: EPA/MARTIN DIVISEK)

Dat ass d‘Konditioun vum ungaresche Premier Viktor Orbán, deen zu Bréissel Ënnerstetzung vum slowakesche Premier Robert Fico krut,. D’Ukrain wier responsabel déi beschiedegt Druschba Pipeline ze flécken

"Mir hëllefen der Ukrain wa mir eise Pëtrol hunn", esou d’Wierder vum ungaresche Premier Viktor Orbán  um Sommet vun de 27 Staats-a Regierungscheffen. 

Déi sougenannten Druschba Pipeline déi Ungarn mat russesche Pëtrol versuergt verleeft duerch d’Ukrain – an ass duerch russesch Attacke beschiedegt ginn.

Unanimitéit néideg

Fir de Prêt vun 90 Milliarden Euro un d’Ukrain auszebezuelen, ass eng Unanimitéit vun de 27 EU-Memberstaaten néideg. Et sinn der awer elo zwee dogéint. Well de Viktor Orbán haut och Ënnerstëtzung vun der Slowakei krut, déi och Pëtrol aus dëser Pipeline bezitt. 

Ungaren a Slowake maachen e Réckzéier

De Prêt fir d’Ukrain war eigentlech schonn um leschten EU-Sommet am Dezember decidéiert ginn. Ungarn an d’Slowakei waren deen Ament d’Accord, ënner der Konditioun, datt si net matbezuele mussen. Déi selwecht Ausnam hat Tschechie kritt. Mee Ungarn an d’Slowakei kënnen elo hannert hier Wieder goen, well de Kredit nach net u Kiew iwwerwise ginn ass. Fir d’Exekutioun dovu brauch een en unanime Vott. 

Um Enn hu 25 Staats- a Regierungscheffen haut hei zu Bréissel festgehalen, datt d’Finanzhëllef fir d’Ukrain soll Ufank Abrëll ausbezuelt ginn. Mee dofir kann d’Ukrain sech näischt kafen, well ebe 27 Ënnerschrëften néideg sinn.  

Ukrain kéint de Krich net méi laang finanzéieren

Fir de Prêt un d’Ukrain auszebezuelen, ass eng Unanimitéit néideg. D’AFP zitéiert europäesch Sourcen, deenen no d’Ukrain nach bis Mee Suen hätt fir de Krich ze finanzéieren.