Wat d'Hausse vun den Energiepräisser ugeet gëtt akzeptéiert, datt d'Memberlänner de Stéit an de Betriber hëllefen. Wéi genee, dat wäert sech réischt an den nächste Wochen ofzeechnen.
Mesurë fir de Stéit ze hëllefen
Wéinst der Hausse vun den Energiepräisser hält de Luc Frieden zu Lëtzebuerg cibléiert Mesurë fir Leit mat nidderegem Akommes fir méiglech. Ob a wéini dat néideg wier, géif vun der Präisentwécklung an den nächste Wochen ofhänken, esou de Premier nom Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen. Et sollt een elo net an e Panikmodus verfalen:
"Et soll een och net op direkt kucken, wéi elo d'Bourssen oder d'Präisser kuerzfristeg evaluéieren. Ech mengen, do brauch ee schonn eng gewëssen Zäit fir ze kucken, ob dat sech repercutéiert op eng breet Aart a Weis op d'Energiepräisser, op d'Inflatioun, op de Wuesstem.“
Fir d'EU ass et eng Optioun, datt d'Memberstaaten d'Stéit an d'Betriber bei den Energie-Netzkäschten ënnerstëtzt - wat Lëtzebuerg souwisou scho mécht. De Luc Frieden seet, eng Äntwert op déi aktuell Kris wier weiderhin den Ausbau vun erneierbaren Energien.
Frieden: Ukrain wäert déi 90 Milliarde kréien - Wann net elo, da méi spéit
Eng aner Äntwert, déi ee sech um Sommet erhofft hat, ass ausbliwwen: D'Ukrain kann nach keng 90 Milliarden Euro geléint kréien, esou wéi d'EU dat am Dezember decidéiert hat. An zwar well Ungarn d'Exekutioun vum Kredit blockéiert. Dat e puer Woche virun den ungaresche Parlamentswale vum 12. Abrëll.
"Ech mengen, dat muss ee gesinn am Kontext vum ungaresche Walkampf. Déi 90 Milliarden, déi wäert d'Ukrain kréien. Wa se elo net kritt, da kritt se se an e puer Wochen.“
De Luc Frieden nennt d'Verhale vun Ungarn inakzeptabel, well de Kredit fir d'Ukrain schonn am Dezember vun der EU decidéiert gi war. Aner Staats- a Regierungscheffen hunn de Viktor Orbán schaarf kritiséiert.
D'Ukrain ass op d'Sue vun der EU ugewise fir sech kënne géint Russland ze verteidegen, a brauch elo Gedold, well den ungaresche Premier Viktor Orbán hanner seng Wierder gaangen ass.
Zesummenaarbecht vun der EVP mat extreem Riets wier inakzeptabel
Um Bord vum EU-Sommet huet de Luc Frieden och kritiséiert, datt Membere vun der Europäescher Vollekspartei solle mat de Rietsextreemen am Europaparlament zesummen u Reformvirschléi an der Migratiounspolitik geschafft hunn. Dat wier inakzeptabel, esou de Premier an CSV-President op d'Fro vun engem Journalist.
Hien hätt doriwwer mam EVP-President Manfred Weber geschwat a si wiere sech eens, datt dat net d'Linn vun der EVP wier.
D'CSV ass Member vun der EVP am Europaparlament.
D'Noriichtenagence DPA hat gemellt, datt Membere vun der EVP sech mat de Rietsextreemen ofgeschwat haten.