D’Gespréich wier "eng éischt Beméiung, fir d’Grondlage fir eng Relatioun an eng wirtschaftlech Zesummenaarbecht tëschent Israel a Libanon ze schafen", huet et vun der israeelescher Regierung geheescht.
arrow_back_ios
Noriichten
Noen Osten
|Éischt direkt Gespréicher tëschent Israel an dem Libanon zënter méi wéi 40 Joer
Israel huet confirméiert, datt haut um Mëttwoch éischt direkt Gespréicher tëschent israeeleschen a libanesesche Vertrieder stattfonnt hunn – déi éischt zënter méi wéi véierzeg Joer. D’Reunioun ass am Kader vum Mechanismus fir d’Iwwerwaachung vum Waffestëllstand am Süde vum Libanon organiséiert ginn.
Grenz Israel Libanon (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)