Israel wäert „näischt“ mam Westjordanland maachen, esou dem US-President Donald Trump seng Wierder. Hien hätt den arabesche Länner dat versprach.
An der Knesset, dem Israeelesche Parlament war wärend enger Visitt vum US-Vizepresident JD Vance ee Plang vun der Oppositioun ugeholl ginn, dee Virgesäit Deel vum Westjordanland ze annektéieren. De Gesetzesprojet fir d'Uwendung vun Israeeleschem Recht um Territoire vum Westjordanland huet domat déi éischt Hürd am Parlament gepackt.
Den JD Vance sot hie géif sech perséinlech beleidegt fillen. Dat wier e ganz domme politesche Stunt vun der Knesset.
D'Westjordanland gehéiert zum Palestinenser-Gebitt. An dëser Regioun kennt et ëmmer nees zu Ausenanersetzung tëschent extrem rietse jüddesche Siidler an der lokaler Bevëlkerung.