Radioen

On air

Notturno  |  Edna Wright - If The Price Is Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitschsproocheg Editeure stelle Fuerderungen un d’Politik an un d’KI-Fournisseuren

Medien a Journalismus

Däitschsproocheg Editeure stelle Fuerderungen un d’Politik an un d’KI-Fournisseuren

Fir de Moment gi Journalisten nach net komplett vun der Kënschtlecher Intelligenz ersat, mee et gëtt natierlech och elo schonn am Journalismus mat KI geschafft. An dofir brauch et kloer Reegelen. Dat hunn d'Editeuren aus den däitschsproochege Länner Däitschland, Éisträich, Schwäiz a Lëtzebuerg d'lescht Woch mat enger gemeinsamer Erklärung ënnerstrach.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

D'Michelle Cloos ass Generaldirektesch vun Editpress. Si huet déi Erklärung fir Lëtzebuerg ënnerschriwwen, déi awer vun der ganzer Lëtzebuerger Associatioun vun den Informatiounsmedie gedroe gëtt.

Businessmodell vun de Medie gëtt a Fro gestallt

Am 100,7-Interview erkläert d'Michelle Cloos, datt d'Transparenz e wichtege Punkt ass. Dozou gehéiert och e méi spezifesche Punkt: D'Quellenangab.

"Wann een eng Informatioun iwwer d'KI kritt, wat ass dann d'Originn vun där Informatioun? Wou kann ech se och iwwerpréiwen? Wou kann ech d'Original noliesen? Well mir wësse jo och, datt d'KI och Feeler ka maachen. Do ass keng mënschlech Verantwortung direkt dobäi."

Dat wier anescht wéi an de Medien, wou de Journalist d'Verantwortung dréit, erkläert d'Journalistin. Natierlech wier och d'Fro vun der Bezuelung essenziell, well et do ëm de Businessmodell vun de Medie geet.

"Et produzéiert ee Contenu. Et bezilt ee Journalisten. A wann déi Saachen einfach kënne weider benotzt ginn, ouni dofir ze bezuelen, dann ass dat natierlech mat katastrophale finanzielle Konsequenze fir d'Medien."

KI kann hëllefen, awer keng Responsabilitéit iwwerhuelen

De Virdeel vun der KI wier, datt se enorm Quantitéiten un Donnéeën a kierzter Zäit kann erfaassen an analyséieren, esou d'Michelle Cloos. Hiren Nodeel wier awer, datt se dat net kann, wat de Journalismus am Fong ausmécht: Recherche maachen an um Terrain present sinn. Dobäi kéim Faktencheck an och Responsabilitéit fir eppes droen.

"Dofir kann d'KI och an de Mediebetriber eng Hëllef an de Prozesser sinn, mee et kann ni de Journalist an de Journalismus ersetzen. An dat mengen ech muss och d'Ausriichtung sinn. Dat ass och d'Ausriichtung an den deontologesche Reegele vun de Medien international an och zu Lëtzebuerg."

An den Ae vun der Editpress-Generaldirektesch misst d'Erklärung vun Zürech elo no bausse gedroe ginn. Dofir bräicht et hei am Land zum Beispill en Austausch tëschent dem Presserot an dem zoustännege Ministère.

Lauschterenplay_arrow