D‘App war an den USA ofgeschalt ginn nodeems dat Iewescht Geriicht confirméiert hat, datt se entweder un een US-Proprietaire muss verkaf ginn, oder an den USA muss ofgeschalt ginn.
TikTok huet 170 Milliounen Useren an den USA. Washington seet, et géif e Risiko ginn, datt duerch TikTok sensibel Informatiounen u China kéinte geroden, an datt dat eng Gefor fir déi national Sécherheet vun den USA wier.