Radioen

On air

Notturno  |  Tom Misch - Cinnamon Curls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik um OCCRP: Investigativjournalismus am Optrag vun den USA?

Organized Crime and Corruption Reporting Project

Kritik um OCCRP: Investigativjournalismus am Optrag vun den USA?

Den OCCRP, Organized Crime and Corruption Reporting Project, ass déi weltwäit gréisste Plattform fir Investigativjournalismus. Elo gouf ausgerechent géint dës Plattform eng Medierecherche vun ënner anerem NDR a Mediapart lancéiert. Déi huet erginn, datt d'Investigativplattform vun der amerikanescher Regierung finanzéiert an zum Deel och beaflosst gouf.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Timon - stock.adobe.com play_arrow
Foto: Timon - stock.adobe.com

OCCRP, dat si 70 Medienhaiser weltwäit an eng 150 Journalisten a Journalistinnen. Panama Papers, Suisse Secrets oder nach Russian Laundromat gehéieren zu de Korruptiounsaffäre bis an héich Sphären, déi d'Plattform opgedeckt huet.

Een Interview, dee stutzeg gemaach huet

Elo schreift de franséische Mediesite mediapart. datt d'Plattform tëschent 2014 an 2023 zu 52 Prozent vun der amerikanescher Regierung finanzéiert gouf. Dat weisen ëffentlech zougänglech Audit-Dokumenter. Eng Rei Journaliste soe souguer, dat wier ëffentlech bekannt gewiescht.

Een Interview vum Norddeutsche Rundfunk, deen 2023 mat Responsabele vum Partner vum amerikaneschen Ausseministère USAID geféiert gouf, hat d'Journaliste stutzeg gemaach. D'Amerikaner hunn do houfreg erkläert, datt déi amerikanesch Regierung e Wuert matzeschwätzen hätt, wat d'Chefposte vun der Investigativplattform ugeet, an datt de Finanzement verstoppt iwwer eng Agence vum amerikaneschen Ausseministere géif oflafen.

"Gelder unhuelen, oder keng Plattform grënnen"

Mediapart konnt och opdecken, datt schonn d'Iddi fir dës Plattform 2008 op amerikanesch Beamten aus dem Ausseministère zeréckgeet. Deen huet fir d'Schafe vun der Plattform 1,7 Milliounen Euro virgestreckt.

Dat dementéiert den OCCRP Direkter Drew Sullivan och net: "Mir hunn eis missten entscheeden, ob mir déi Gelder unhuelen, oder keng Plattform grënnen", esou de Sullivan. Dem Sullivan no géif et och keen eenzege Beweis dofir ginn, datt d'Plattform redaktionell vu bausse gesteiert gi wier, oder soss Afloss geholl gi wier. Fir all Reportagen hätten déi eenzel Journalisten an hir Redaktiounen dat lescht Wuert gehat.

Mediapart no sinn allerdéngs vill Gelder a konkret Projeten a Länner wéi Russland, Malta, Zypern oder Venezuela gefloss. Länner also, mat deenen d'USA éischter Problemer huet.

Goufen NDR-Journalisten zeréckgepaff?

Pikanten Detail: Ausgerechent den NDR, deen d'Enquête géint den OCCRP lancéiert huet, an deem seng Journalisten am wäitsten avancéiert waren, sollen zeréckgepaff gi sinn. Wéi den NDR erkläert, hätt een als Konsequenz all Zesummenaarbecht mam Panel gestoppt, an et géif een och keen Interêt méi dra gesinn, eppes heiriwwer ze publizéieren.

Mediapart schreift allerdéngs och, de Sender wier vun der Investigativplattform erpresst ginn, fir dee Reportage net ze bréngen. Dat géifen E-Maile beweisen, an deenen de Sullivan een NDR-Journalist souguer als russeschen Agent bezeechent hätt, esou Mediapart. De Virworf vun der Erpressung gëtt vun NDR-Responsabelen awer kategoresch dementéiert.

Egal wéi vill oder wéineg Afloss déi amerikanesch Regierung elo um Enn op d'Reportagen hat, eleng schonn de Verdacht vun Afloss an déi erwisen Intransparenz vun der Plattform dierften der Credibilitéit vun der Plattform an hire Journalisten a Journalistinne schueden.

Lauschterenplay_arrow  

Wat bedeiten d'Revelatioune vu Mediapart an NDR iwwer den OCCRP? Explikatiounen a Froen un de Christoph Bumb vu reporter.lu.

Lauschterenplay_arrow