arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrainesch Expertis zur Verfügung stelle fir US-Ënnerstëtzung net ze verléieren

Noen Osten

|
headphones

1 min

Ukrainesch Expertis zur Verfügung stelle fir US-Ënnerstëtzung net ze verléieren

D‘Ukrain wéilt d‘Ënnerstëtzung vun den USA net wéinst dem hirem Krich géint den Iran verléieren. Dat sot den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij der Noriichtenagence AFP.

headphones

1 min

EPA/SHAWN THEW | © EPA/SHAWN THEW
Donald Trump, Wolodymyr Selenskyj (Foto: EPA/SHAWN THEW)

Et wier kloer, datt hire Krich géint den Iran fir d‘USA den Ament d‘Pioritéit wier, esou den ukrainesche President. 

D‘Ukrain wier och bereet den USA an hiren Alliéierten am Noen Osten ze hëllefen, andeems si hir Expertise fir den Asaz vun Drone géif zur Verfügung stellen, esou nach de Wolodymyr Selenskij.