Den Operateur ass an dësem Fall Proximus. Mat "Salami-Taktik" ass de Versuch gemengt, fir bei der Autorisatioun net déi ganz Leeschtung unzeginn, fir méi eng opwenneg Prozedur ze evitéieren. Fir dogéint virzegoen hunn d'Awunner:inne vun Haler am Mäerz Recours um Tribunal administratif agereecht.
Et gouf schonn en änleche Fall
Déi "Salami-Taktik" vun Operateuren ass net an der Rei, hat d’Cour administrative virun 10 Méint am Fall vun engem 5G-Potto um Briddel geuerteelt. D’Urteel huet Jurisprudenzcharakter, wat d’Prozedur fir eng ëffentlech Enquête ugeet.
Et seet, datt muss a Betruecht gezu ginn, ob sech e puer Operateuren e Potto deelen a si domat iwwer e Leeschtungsgrenzwäert erauskommen. Fir d’Verwaltungsriichtere wier net a Betruecht gezu ginn, datt nieft dem Operateur (do war et d’Post) nach Anerer Antennen op deem Potto installéiere kéinten. Dem Me Couvreur no, Affekot an den Affäre Briddel an Haler, hätt den Haler Potto dofir missen an eng sougenannt Klass 1 agestuuft ginn.
"Puisque il aurait fallu prendre en considération le cumul des puissances envisagées sur le site, sachant que c’est un site multi-opérateurs."
An deem Fall wier eng Enquête publique néideg, déi zu Haler net gemaach gouf. Dobäi stéingen op de Pläng Proximus, d’Post an Orange als Operateuren, esou de Me Couvreur, Affekot vun den Awunner. Eleng Proximus wier mat 2.495 Watt Leeschtung no um Grenzwäert vun 2.500 drun.
Dofir rifft hien d’Gewerbeinspektioun ITM op, fir d’Autorisatioun fir de Potto zeréckzezéien. Déi wëllt sech op Nofro hin net zu spezifeschen Dossieren äusseren.
Installéieren och d’Post an Orange Antennen um Haler Potto, da wier een iwwer dem Grenzwäert vun 2.500 Watt. Traditionell gëtt et, esou de spezialiséierten Affekot, Accorden tëschent den Operateuren, fir d’Multiplikatioun vu Pottoen ze verhënneren.
"On peut, en fait, prédire d’avance qu’un pylône va accueillir au moins 2, 3, parfois 4 opérateurs, ce qui est le cas ici!"
Um Briddel krut den Affekot Recht
Am Fall Briddel, an deem et ëm eng Geneemegung fir d’Post goung, wier d’Cour administrative senger Meenung gewiescht, datt d’Leeschtunge global ze kucke wieren.
"Ce qui s’explique aussi d’un point de vue scientifique parce qu’on va avoir un cumul des ondes électromagnétiques. Donc, plus on rajoute d’opérateurs de téléphonie mobile, plus on accroît, en quelque sorte, les nuisances."
Trotz dem Urteel vum Briddel änneren d'Ministèren hir Praxis net
De Me Couvreur ass am Fall Haler iwwerrascht, datt sech d’Praxis vun de Ministèren - nom Urteel vum Verwaltungsgeriicht - net weiderentwéckelt hätt. Dobäi géif et mat méi Dialog an Transparenz géintiwwer de Bierger vläicht manner Oppositioun vun hinne ginn, mengt hien.
Ufank Abrëll äntwert den Ëmweltministère op Nofro hin zu der méiglecher ëffentlecher Enquête:
"Sollt méi spéit eng Ufro fir d'Geneemegung vu weideren Installatiounen um selwechte Site agereecht ginn, géif d'Situatioun entspriechend änneren. Fir sou e Projet misst eng nei Demande vun der Klass 1 gemaach ginn an och eng Enquête publique."
Quasi déi selwecht Äntwert kënnt aus dem Aarbechtsministère.
Wéi gesäit d'Lag um Terrain aus?
Enn Abrëll. Visite des lieux zu Haler.
Tëschent grénge Wisen a bronge Felder vum idyllesche Mëllerdall spréngt engem op eemol, wann ee vu Waldbëlleg aus op Haler fiert, en héije Potto an d’A. Et ass den 42 Meter héije 5G-Potto.
Eng Fra wunnt eng 250 Meter dovun ewech. Dotëschent, op circa 100 Meter Distanz zum Potto, leien 13 Bauterrainen. D’Fra hätt vu ville Leit gesot kritt, et géif een net esou no un enger Antenn bauen, well ee sech Suerge mécht ëm d’Gesondheet. D’Fra mécht sech och anerer.
"Ech sinn net frou driwwer, well eisen Terrain fält jo och ëm Minimum 10 Prozent."
Donieft hätt si zënter Dezember eng manner schéi Vue, well si all Dag dee Risemast geséich. Engem anere Mann, deen och nobäi wunnt, geet et d’nämmlecht.
"Quand on a construit, on a construit en baie vitrée pour pouvoir profiter de la nature et des paysages du Müllerthal, et on se retrouve avec ça."
Vun der Regierung propagéiert Transparenz feelt den Awunner
Déi national 5G-Strategie vun der Regierung hat sech de Schutz vun der Populatioun virun iwwerméissegen elektromagnéitesche Felder op de Fändel geschriwwen, wéi och eng Politik vun der Transparenz.
Genee déi feelt den Awunner:innen awer, wéi en eelere Mann zu Haler confirméiert. A sengen Aen hätt et genuch aner Plaze gi fir dee Potto, an d’Autoritéiten hätte fir d’éischt mat de Leit schwätze sollen, fir deenen hir Meenung ze héieren, wat hei net geschitt wier.
"Esou kann et jo awer net an enger propperer Gesellschaft lafen."
Viru sechs Méint wier de Potto op eemol opgeriicht ginn. Et hätt wuel eng Baugeneemegung ausgehaangen, mee just e puer Leit hätten déi gesinn, an et hätt näischt do gestane vu 5G.
Politik mécht Virschlag, dee schonn ëmgesat ass
Enn Mäerz äntwert d’Buergermeeschtesch vu Waldbëlleg, Andrée Henx-Greischer, schrëftlech, de Projet wier konform zum Bautereglement. Ufank Mee schreiwen den Inneminister Léon Gloden an den Ëmweltminister Serge Wilmes an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement:
"Bierger, déi der Meenung sinn, datt si vun enger Gemeng net vollstänneg iwwer e Bauprojet informéiert goufen, kënnen den Ombudsman saiséieren. Si kënnen och e Recours gracieux areechen. (...) Ausserdeem kënne si och nach e Recours virum Verwaltungsgeriicht déposéieren."
Wat jo am Mäerz scho geschitt ass. D’Autorisatiounsprozedur gëtt deemno juristesch gepréift an eben och d’Fro no der Salami-Taktik.
De Bedreiwer an den Affekot widderschwätze sech
Vu Proximus heescht et d’lescht Woch:
"Concernant votre question relative à la présence éventuelle d’opérateurs de réseaux supplémentaires sur le même site, nous n’avions, à ce stade, aucune connaissance d’un projet ou d’une intention d’utilisation du site par un autre opérateur."
Dogéint leien dem Me Couvreur ebe Pläng vir, op deene kloer ze gesinn ass, datt de Potto vu vir era fir déi dräi Operateure Proximus, Post an Orange virgesi war, an net fir Proximus eleng. Zwee Deeg nom Areeche vum Recours um Verwaltungsgeriicht hätt Proximus ugefaangen, e puer Antennen opzehänken.
Am Raum steet donieft nach e Recours géint d’Autorisatioun vum Ëmweltministère.
An et stellt sech d’Fro, ob de Potto erriicht gouf, ier Proximus d’Exploitatiounsgenemegunge virleien hat. Dem Gesetz no kann nämlech net mam Bau vun engem sougenannten Établissement classé ugefaange ginn, bis den zukünftege Bedreiwer d’Betribsgenemegunge beieneen huet.