arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Deradikalisatiounsprogramm a Prisong fir jonke Schweed

Justiz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Deradikalisatiounsprogramm a Prisong fir jonke Schweed

E jonke Schweed, dee wéinst Terrorismus um Stater Geriicht de Prozess gemaach kritt hat, ass dowéinst zu 8 Joer Prisong, 6 dovu mat Sursis probatoire, verurteelt ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

D’Oploe bestinn doran, datt hien en Deradikalisatiounsprogramm suivéieren an all 6 Méint e Certificat dozou virleeë soll.

De Vertrieder vum Parquet hat 12 Joer Prisong an eng Geldstrof verlaangt.

Anscheinend Member a Kapp vun engem terroristesche Grupp

De Mann war am Februar 2020 zu Stroossen festgeholl ginn, wou hie bei sengem Papp gelieft huet.

Hie soll Member vun engem terroristesche Grupp gewiescht sinn, deen hien och selwer ugefouert hätt. De Grupp soll notamment eng Attack op d’Eurovisioun 2020 zu Rotterdam geplangt gehat hunn.

Fall zitt auslännesch Journalisten op Lëtzebuerg

Den Tahrim Ramdjan schreift fir d’Dageszeitung “Het parool” vun Amsterdam. Hie koum extra fir d’Urteel op Lëtzebuerg, well den Ugekloten eben en Attentat op den ESC vu viru fënnef Joer an der hollännescher Stad soll geplangt hunn. Seng Zeitung wär déi éischt an Holland gewiescht, déi dës Nouvelle aus dem Prozess zu Lëtzebuerg opgegraff hat.

"Et war e grousse Schock, well mir hunn och erausfonnt, datt d’Gemeng vu Rotterdam, de Parquet an och d’Organisatioun vun der Eurovisioun näischt vun där geplangter Attack wossten."

Et kéint sinn, esou den hollännesche Journalist, datt dës Nouvelle a senger Heemecht just op Geheimdéngschtniveau zirkuléiert wär, mee et gouf Intressi vum hollännesche Public dofir. Dowéinst koum den Tahrim Ramdjan an de Grand-Duché, wou hien ënner anerem mam Stroossener Buergermeeschter Nico Pundel geschwat hätt.

Deradikalisatiounsprogramm an dësem Fall sënnvoll?

Den Hollänner huet nom Urteel op de groussen Ënnerscheed tëschent der Fuerderung vum Parquet no 12 Joer Prisong an den ausgesprachenen zwee Joer fest higewisen. D’Oploe fir de Schweed besti jo doran, datt hien en Deradikalisatiounsprogramm suivéiert an all sechs Méint e Certificat dozou virleet. De Journalist aus Holland freet sech awer ob déi Moossnam vill Sënn géif maachen.

"Hien ass nach ëmmer a Kontakt mat rietsextreme Persounen. Dofir froen ech mech, ob déi Deradikaliséierung wierklech Succès wäert hunn."

Vläicht wär et d’Absicht vum Geriicht, fir de jonke Mann esou nees an d’Gesellschaft ze integréieren. Sollt et esou sinn, da wär d’Urteel fir hien ze verstoen, esou nach den Tahrim Ramdjan. Deen war allerdéngs och erstaunt iwwert d’Informatioun aus dem Prozess, datt de Condamnéierten a Schwede Chimie studéiert.

play_arrow Lauschteren