De Mann war géint fënnef Auer de Moien op der Héicht vu Stroossen mat sengem Auto op der lénker Säit géint déi kalifornesch Mauer gerannt.
De Mann gouf nach op der Plaz vun de Rettungsdéngschter betreit, mee hien huet net iwwerlieft.
D‘Autobunn war op där Plaz a Richtung Stad bis ongeféier aacht Auer gespaart ginn. Dat hat ee laange Stau ausgeléist.