Am Joer 2022, wéi d‘Energieprimm wéinst dem Ukrainkrich ageféiert gi war, hu ronn 28.700 Leit vun der staatlecher Energieprimm profitéiert. 2025 waren et ronn 35.370 Leit.
Dëst Joer krute bis elo ronn 13.970 Beneficiairen d‘Energieprimm ausbezuelt - dat fir e Gesamtmontant vu ronn 10,5 Milliounen Euro.
Een Deel vun de Leit kritt d'Primm automatesch
Deen allergréissten Deel dovu si Revis-Bezéier. Si kruten d‘Energieprimm automatesch op den 1. Januar 2026 iwwerwisen. All aner Persoun muss eng Demande maachen a si kritt d‘Energieprimm ausbezuelt, esou bal se accordéiert gouf.
Beneficiairë vum Virjoer kréien en ausgefëllte Formulaire geschéckt, dee si just ënnerschreiwe mussen.
Fir verschidde Leit gouf d'Primm verdräifacht
2025 gouf de Montant vun der Energieprimm fir vulnerabel Persoune verdräifacht an et goufen och méi Leit fir d’Primm eligibel.