D’Etude vergläicht d’Präisser vun 9.823 Produkter, déi een an op d’mannst zwee Länner ka kafen. Hätt ee just déi Produkter geholl, déi an alle véier Länner an de Supermarchéë proposéiert ginn, dann hätt een sech op just 104 Artikele kënne baséieren.
Méi héich Präisser am Grand-Duché
D’Etude huet virop een Duerchschnëttspräis pro Land oder Bundesland opgestallt, an do fënnt een, datt d’Präisser zu Lëtzebuerg ëm ee Prozentpunkt méi héich si wéi an der ganzer Groussregioun.
An där Studie goufe fënnef verschidden Typpe vu Wueren analyséiert: Hygiènesartikelen, frësch Liewensmëttel, Epicerie, net-alimentaire, a Gedrénks. Global kënnt eraus, datt d’Gedrénks zu Lëtzebuerg vill méi bëlleg ass wéi am noen Ausland. Mee d’Präisser sinn an deenen anere véier Kategorië méi héich. Däitschland huet global méi niddereg Präisser wéi d’Nopeschlänner. Frankräich kënnt op déi zweete Plaz. D’Belsch ass méi deier.
D’Etude huet awer och ee Verglach gemaach tëschent de verschiddenen Supermarchésketten. Et goufen am Ganze 25 Supermarchéen ënner d’Lupp geholl, all Kéier siwen zu Lëtzebuerg, an Däitschland a Frankräich a weider véier an der Belsch. Et gi grouss Präisënnerscheeder bannent engem Land wann een déi eenzel Produite vergläicht.
Komplex Präisgestaltung an der Groussregioun
Interessant ass och d’Präispolitik vun den Enseignen iwwer d’Grenzen ewech ënner d’Lupp ze huelen.
Dee Verglach ass nëmme mat Frankräich an der Belsch méiglech, well een op béid Säiten déi selwecht Supermarchésketten erëmfënnt. Aacht Kombinatioune si méiglech. A sechs vun aacht Fäll louchen d’Präisser zu Lëtzebuerg ënner deenen, déi an de Filialen déi aner Säit vun der Grenz applizéiert goufen. Allerdéngs hunn d’Supermarchéskette jee no Land aner Sortimenter.
D’Präisgestaltung an der Groussregioun ass deemno méi komplex an hänkt vu villen Facteuren of, wéi den Typ vu Produit, bis hin zur Präispolitik, déi déi verschidde Gruppe bannent engem Land oder och iwwer d’Grenzen ewech applizéieren.