arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reporter.lu: Paulette Lenert kéint Pavillon op Weltausstellung coordonéieren

Fréier Gesondheetsministerin

|
reading time

1 min

Reporter.lu: Paulette Lenert kéint Pavillon op Weltausstellung coordonéieren

Informatioune vu Reporter.lu no krut déi fréier Gesondheetsministerin an aktuell LSAP-Deputéiert Paulette Lenert offréiert, d'Koordinatioun vum Lëtzebuerger Pavillon fir d'Weltausstellung zu Riad am Joer 2030 ze iwwerhuelen.


reading time

1 min

Archivfoto Paulette Lenert | © Jo Diseviscourt
Archivfoto Paulette Lenert (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Offer vun der CSV-DP-Regierung fir dëse Poste bestéing zënter ronn engem Mount, schreift Reporter.lu. D’Paulette Lenert hätt dëse Posten awer nach net ugeholl.

Reporter.lu: Politesch dierft näischt am Wee stoen

Si wéilt fir d’éischt hir Nominatioun an de Staatsrot ofwaarden, éier si sech fir een neien Job géif ëmkucken, esou déi 57 Joer al Politikerin am Gespréich mat Reporter.lu. Natierlech wier et eng Méiglechkeet erëm fir de Staat ze schaffen. Wou oder wat, wier nach net kloer.

De Posten als Coordinatrice fir de Lëtzebuerger Pavillon kéint d’Paulette Lenert nieft hirem Posten am Staatsrot maachen, esou den Online-Magasinn. An dem Poste fir d’Weltausstellung fir d’Paulette Lenert dierft politesch näischt am Wee stoen.

Erënnerungen un d'Maggy Nagel

De Fall vun der Paulette Lenert géif staark un d’Nominéierung vun der Maggy Nagel (DP) fir de Poste vun der Coordinatrice fir de Lëtzebuerger Pavillon fir d’Weltausstellung zu Dubai an de Joren 2021 an 2022 erënneren, notéiert Reporter.lu.