search

/ De CGDIS wëll méi Jonker motivéieren a verzeechent méi Asätz

Rettungsdéngscht

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

De CGDIS wëll méi Jonker motivéieren a verzeechent méi Asätz

De CGDIS denkt iwwert eng besser Indemniséierung vun de Fräiwëllege Mataarbechter no. Fir de Rettungsdéngscht wier et eng grouss Erausfuerderung fir Jonker fir d’Benevolat beim Nout- a Rettungsdéngscht ze motivéieren, esou den Alain Becker, President vum CGDIS virun der Press.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
(v.l.n.r.)  Alain Becker, Paul Schroeder | © Max Voncken
(v.l.n.r.) Alain Becker, Paul Schroeder (Foto: Max Voncken)

Dobäi kéim och d'Fro, ob ee Jonker hale kéint, och wa se scho beim CGDIS sinn.

"Mir hunn och mat enger Generatioun ze dinn, vu jonke Leit, déi sech schnell fir eppes begeeschteren, sech och 100 Prozent engagéieren, awer heiansdo just zäitbedéngt oder kuerz, andeems se dann awer, wann se iergendwéi en neie Challenge dann entdecken, dem CGDIS de Réck dréien."

Den Alain Becker betount awer, datt de CGDIS weiderhin opd’Benevolat ugewisene wier. Zousätzlech géifen och grouss Investitioune gemaachginn. Zum Beispill an en neien Technik- a Logistikzenter um Mierscherbierg fir ronn 110 Milliounen Euro. 

Unzuel vun den Asätz klëmmt

Dës Investissementer wieren néideg, well d’Unzuel vun Asätz géif konstant klammen. D'lescht Joer hat de CGDIS 5 Prozent mei Asätz wéi nach 2024. An der Reegel kéint ee mat 200-230 Asätz pro Dag rechen. Aussergewéinlech Situatioune wéi déi lescht Canicule kéinten awer dozou feieren, datt de CGDIS vill mei dacks eraus muss.

play_arrow Lauschteren