arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DP wërft d'Fro op: Ginn et Réckstänn vu Pestiziden am Lëtzebuerger Äppeljus?

National

|
reading time

1 min

DP wërft d'Fro op: Ginn et Réckstänn vu Pestiziden am Lëtzebuerger Äppeljus?

No der Diskussioun iwwer eventuell Réckstänn vu Pestiziden op Lëtzebuerger Äppel wëll d‘DP an enger parlamentarescher Fro wëssen, ob et och eventuell Réckstänn an Äppeljus vun hei gëtt. D'CSV Landwirtschaftsministesch Martine Hansen äntwert, datt spezifesch Analyse just fir Jus net méiglech wieren.

reading time

1 min

© picture alliance / blickwinkel/M. Henning | M. Henning
(Foto: picture alliance / blickwinkel/M. Henning | M. Henning)

Et kéint een dat net fiabel evaluéieren, well d‘Analys vun eventuelle Pestizid-Réckstänn sech hei am Land virun allem op d‘Matière première, also d‘Äppel, konzentréiert. Dat schreift d‘Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an hirer Äntwert.

Dobäi kéim, datt d‘Facteuren, déi bei der Veraarbechtung misste berücksichtegt ginn, wéi d‘Pressen oder d‘Konzentratioun, net an all EU-Land d'selwecht bewäert géife ginn.

Referenzwäert war ni iwwerschratt

Dat géif d‘Evaluatioun an de Verglach vu fäerdege Produiten, wéi eeben Äppeljus, méi komplizéiert maachen, esou nach d‘Ministesch. Si rappelléiert awer, datt zu Lëtzebuerg keen Apel fonnt gi wier, bei deem de Referenzwäert vu Pestizid ze héich war.