Virun zwou Wochen hat d’EU-Kommissioun Lëtzebuerg recommandéiert, de Problem vun der Waasserqualitéit unzegoen. An engem Rapport dozou huet et geheescht, datt de Grand-Duché déi schlechtst Waasserqualitéit an der Europäescher Unioun hätt. Rieds goung vu signifikative Verschmotzungen.
Wéi de Wee dohi kéint ausgesinn, dozou schéngt et an der Regierung ënnerschiddlech Meenungen ze ginn.
Landwirtschaftsministesch widdersprécht Ëmweltminister
D’CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen hat hirem Ministesch- a Parteikolleg widdersprach a gesot, datt d’Pestiziden net eleng de Grond fir déi schlecht Waasserqualitéit am Land wieren a sech géint e komplett Verbuet an de Waasser-Schutzzonen ausgesprach.
Et sollt ee fir d’éischt all d’technologesch Léisungen notzen, sot d’Ministesch Hansen am 100,7-Interview.
"Schlechtste Waasserqualitéit, dat läit net nëmmen un de Planzeschutzmëttel. Ech fannen nach ëmmer, datt een dat misst e bësse méi cibléiert kucken, well et kann een ëmmer op eppes schéissen, mee dann hëlleft et net onbedéngt, wann een net op dat Richtegt geschoss huet."
Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes dogéint wëllt um Zil null Pestiziden an Drénkwaasserschutzzone festhalen. Do sollt een op de Gebrauch vu Planzeschutzmëttel verzichten, fënnt de Minister, wéinst gesondheetsschiedleche Réckstänn am Grondwaasser.
Ëmweltminister wëllt eng Zäitschinn fir null Pestiziden
An awer gesäit och hien e puer Facteuren, déi Schold sinn un der schlechter Waasserqualitéit am Land.
"Och alles, wat Ofwaasser sinn, déi an d’Gewässer fléissen, natierlech och d’Nitrater, d’Närstoffer, där mer der vill ze vill och hunn, déi awer och op de Felder ausbruecht ginn."
Vun haut op muer wier dee Schrëtt awer net ze maachen, gëtt de Serge Wilmes senger Ministesch- a Parteikolleegin Recht.
Nawell sollt ee sech an den entspriechenden Diskussioune mat der Landwirtschaftskammer, déi virun e puer Wochen ugoungen, eng Zäitschinn fir esou en Austrëtt aus de Pestizide ginn. Hie géif keen Zäitkader nennen, hätt awer eng Virstellung dozou.