arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-Gesetz leeft an 2 Wochen aus - Maske kënne vun do un nees bestrooft ginn

Chamber

|
reading time

1 min

Covid-Gesetz leeft an 2 Wochen aus - Maske kënne vun do un nees bestrooft ginn

Wann d‘Covid-Gesetz a ronn zwou Wochen ausleeft, maache Leit, déi eng Mask undoen, sech méiglecherweis nees strofbar. Dat huet d‘CSV-Gesondheetsministerin Martine Deprez de Mëtteg an der Chamber zouginn. D‘Covid-Gesetz leeft den 30. Juni aus.

reading time

1 min

An d‘Regierung huet decidéiert, d‘Gesetz net méi ze verlängeren. Doduerch entseet eng juristesch Onsécherheet, wa Leit Masken, aus hygieenesche Grënn zum Beispill, undinn.

Reegele sollen nach ugepasst ginn 

D‘Gesondheetsministerin Martine Deprez huet an der Chamber trotzdeem der Regierung hir Decisioun verteidegt, fir d‘Covid-Gesetz net méi ze verlängeren. D’Reegele fir Masken unzedoen, géife geschwënn ugepasst a klarifizéiert ginn, esou d‘Ministesch.

"Wat elo de porte du masque konkreet ubelaangt ass eng kleng Insecurité juridique. Mee hoffe mir, datt keen interpelléiert gëtt, well en e Mask dobaussen dréit. Mee en huet awer warscheinlech seng Responsabilitéit iwwerholl, wann en de Mask dréit, fir aner Leit ze schützen."

Dee Geescht hätt ee jo wärend de Covidjore gehat, esou d'Ministesch. 

"An dat wäert och an de Code pénal afléissen. Déi Ännerung ass ënnerwee. An deen Text, dee wäert an deenen nächsten Deeg oder Wochen erauskommen."

Ënner anerem wéinst der juristescher Onsécherheet bei de Masken hat den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo an enger Motioun gefuerdert, d‘Covid-Gesetz awer weider ze verlängeren. Déi Motioun gouf ofgeleent.