Am Oktober 2022 hat de Sven Clement déi deemoleg Ministesch Paulette Lenert gefrot, fir déi Beschafungskontrakter vun de Corona-Impfstoffer kënnen ze gesinn. Bis Januar 2023 hat de Piraten-Deputéierten nach zweemol nogefrot. De Mount drop hat d’Ministesch dunn auswäichend geäntwert, wouropshin de Sven Clement eben op d’Verwaltungsgeriicht goung.
An der Sëtzung vum Tribunal administratif am Januar goung et ënner anerem ëm den Intressi fir ze agéiere vum Deputéierten. D’Riichtere verweisen an deem Kontext op en Urteel vun der Cour administrative vum Januar 2021. Dora steet, datt een Deputéierte berechtegt ass, fir d’Handlunge vun der Regierung ze kontrolléieren. Dofir misst hien Zougank zu Dokumenter hunn, an e Refus, fir Dokumenter ze kréien, wier souzesoen eng Brems vu senger Kontrollmissioun. Säin Intressi fir ze agéiere wier evident, hat et nach am Urteel vun der Cour administrative geheescht.
Den Tribunal administratif ass och net averstane mam Argument vum Stat, datt et d’Chamber am Ganze wier, an net en Deputéierten eleng, déi d’Kontroll vun der Regierung ausféiert. Donieft halen d’Riichtere fest, datt een Deputéierten als Organ vum Stat unzegesinn ass, dat berechtegt ass, Kenntnis ze hu vu Kontrakter a Konventioune vum Stat. D’Vertraulechkeet vun de Beschafungskontrakter vun de Corona-Impfstoffer géif och kee Refus, fir d’Dokumenter ze kommunizéieren, justifiéieren. Et wier deemno falsch gewiescht, datt déi deemoleg Ministesch Paulette Lenert der Demande vum Sven Clement net nokoum. Hir Decisioun wier dowéinst ze annuléieren. Iwwerdeems de Piraten-Deputéierte keng Indemnité de procédure vun 3.000 € zegutt hätt.