arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Generalist aus der Stad kritt an éischter Instanz Onrecht

Justiz

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Generalist aus der Stad kritt an éischter Instanz Onrecht

Den Dr. Naeseh, Generalist aus der Stad, deen am Juni 2024 vun der Gesondheetsministesch fir 18 Méint suspendéiert gi war an dogéint geklot hat, krut um Verwaltungsgeriicht an éischter Instanz Onrecht.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Verwaltungsgeriicht um Kierchbierg | © Eric Ewald
D'Verwaltungsgeriicht um Kierchbierg (Foto: Eric Ewald)

De franséischen Dokter war am Oktober 2023 scho vun der Chambre disciplinaire nationale de l’ordre des médecins a Frankräich fir annerhalleft Joer suspendéiert ginn, en halleft Joer dovu mat Sursis. Am August 2023 hat sech de Generalist awer ewell hei am Land niddergelooss. 10 Méint méi spéit gouf den Dokter mat Cabinet an der Uewerstad och hei am Land fir 18 Méint suspendéiert.

Als Begrënnung hat d’Ministesch Martine Deprez uginn, datt de Mann ënner Eed net vun Antecedente géint hie geschwat an deemno dem Collège médical an dem Ministère géintiwwer falsch Informatioune ginn hätt. De Generalist hat deselwechte Mount um Verwaltungsgeriicht zwee Recourse géint seng Suspensioun agereecht.

D'Chronologie

D’Riichtere vum Tribunal administratif halen an hirem Urteel fest, datt d’Gesondheetsministesch d’Suspensioun gesprach hat, nodeems si vum Collège médical saiséiert gouf. Dat wier geschitt nom Erdeele vun der Autorisation d’exercer, spréch dem Mann senger Zouloossung als Dokter. 

D’CSV-Politikerin hätt de Generalist am Februar 2024 och via ageschriwwene Bréif doriwwer informéiert, datt si envisagéiere géif, him d’Zouloossung ze entzéien. Dobäi hat si sech och op d’Suspensioun vum Dokter a Frankräich beruff. 

Verwaltungsgeriicht gesäit kee Feeler beim Virgoe vun der Ministesch

Fir déi éischt Instanz vum Verwaltungsgeriicht wier den Zougank zur Ausübung vum Dokteschberuff ënner anerem ofhängeg dovun, datt een den Ufuerderungen un d’moralesch Integritéit entsprécht. Op Grond vun der Suspensioun vum Mann a Frankräich a vu senge falschen Informatioune géintiwwer dem Collège médical an dem Ministère, wat eventuell Antecedente géint hien ugeet, géif den Dokter ënner anerem deenen Ufuerderungen un d’moralesch Integritéit net entspriechen. D’Ministesch hätt dowéinst zu Recht d’Suspensioun vun 18 Méint gesprach, esou den Tribunal administratif. 

Zënter Enn zejoert praktizéiert den Dr. Naeseh iwwregens matten an der Stad.

Den Dokter och an der Schwäiz keen Onbekannten

reporter.lu no war de Mann - viru senger Suspensioun a Frankräich - iwwregens schonn an der Schwäiz zu 3 Joer Prisong, d’Hallschent dovu mat Sursis, verurteelt ginn, wéinst Bedruch a Fälschung. Donieft war decidéiert ginn, datt den Dokter d’Alpeland fir 5 Joer misst verloossen.

play_arrow Lauschteren