arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV-Ministesch Martine Deprez wëllt d’Diere fir den Ambulatoire méi grouss opmaachen

Gesondheetspolitik

|
reading time

2 min

CSV-Ministesch Martine Deprez wëllt d’Diere fir den Ambulatoire méi grouss opmaachen

D’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez wëllt d’Diere fir den Ambulatoire méi grouss opmaachen. Dofir huet si haut en neie Gesetzestext presentéiert, deen de scho bestoende Gesetzesprojet zu den Dokteschgesellschafte soll ergänzen.

reading time

2 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Dëse Gesetzestext soll de Kader erweideren, an deem Dokteschgesellschaften da kënne kleng chirurgesch Agrëffer ausserhalb vun de Spideeler – also an ambulante Strukturen –duerchféieren. Nieft de klengen Agrëffer un Aen an Haut, déi schonn definéiert waren, kommen elo och kleng Agrëffer an der Urologie oder um Bauchfell dobäi (zum Beispill Hernien). Extern Promoteure sinn a béide Gesetzestexter ausgeschloss. 

D’Ministesch huet betount, datt et keng Antennen vu Spideeler solle sinn, allerdéngs brauch all Struktur ee Lien zu engem Spidol fir d’Continuité des soins ze garantéieren. De Finanzement fir déi Strukture soll iwwer déi nämmlecht Forfaite wéi fir d’Spideeler funktionéieren. Wat d’Personal fir déi Strukturen ugeet, esou géifen déi alleguer ënner de Kollektivvertrag vun der FHL falen, esou nach d’Ministesch.

Oppositioun ass virsiichteg optimistesch 

De Gesetzesprojet gouf och an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert. D’Deputéiert esouwuel vun der Oppositioun wéi och vum Koalitiounspartner DP weise sech virsiichteg optimistesch – et géifen awer nach eng Rei Froen op bleiwen.  

Déi gréng hu sech an enger éischter Reaktioun zefridde gewise mam Gesetzesprojet,  virun allem iwwer d’Fro vum Personal an der Continuité des soins. De Kollektivvertrag vun der Spidolsfederatioun FHL soll nämlech an Zukunft an allen ambulante Strukture gräifen. An och de Lien zum Spidol, dee soll bestoe bleiwen, wier wichteg, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard no der Kommissioun.

“A priori, elo mol op deen éischte Bléck, mir kruten haut eng éischt Presentatioun, sinn déi Saach emol ginn. Dat si fir eis déi allerwichtegst Prämissen. Duerno sinn eng ganz Rei Detailfroen, déi och am enke Lien si mam Gesetz ronderëm d'Dokteschgesellschaften, déi se nach muss erklären.”

D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet an der Sëtzung mat der Ministesch d’Fro gestallt wisou d’Spidolsgesetz geännert soll ginn am Plaz ee ganz neit Gesetz fir den Extrahospitalier opzemaachen.

Dat géif der DP no, d’Medezin méi no un de Patient bréngen an den Droit d’initiative vun den Doktere stäerken, esou d’Carole Hartmann.

“D'Ministesch huet do kloer drop geäntwert, dass hei de Choix vun der Loi hospitalière geholl ginn ass, fir méi séier kënne weiderzekommen, dat heescht fir méi séier kënnen Ambulanzstrukturen ze maachen, déi awer déi selwecht Offer wéi am Spidol erméiglechen, mee dass eng Loi extra hospitalière net vum Dësch ass.”

De Gesetzestext gesäit iwwerdeems d’Schafung vun neie Kompetenzzentre vir, dat ënner anerem fir komplex Krankheetsbiller wéi Long Covid oder Endometrios.