arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamber diskutéiert Aarbechtsconditiounen an der Grondschoul

Educatioun

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Chamber diskutéiert Aarbechtsconditiounen an der Grondschoul

Wéi kënnen d’Aarbechtsconditioune fir d’Enseignanten an de Grondschoule verbessert ginn? Doriwwer gouf de Moien an der Chamber diskutéiert, an enger Interpellatioun vum lénken Deputéierten David Wagner. Een Thema dobäi war de méi groussen administrativen Opwand fir d’Léierpersonal an de Schoulen

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock / Wavebreak Media
(Foto: Bigstock / Wavebreak Media)

Vu vill méi Aarbecht baussent dem Klassesall, huet den David Wagner geschwat. Mee och vu méi Kanner, déi kee Lëtzebuergesch doheem schwätzen, a méi Kanner, déi mat Ecranen opwuessen.

Besser Aarbechtsconditioune gefuerdert

De lénken Deputéierten David Wagner huet eng Entlaaschtung fir d’Léierpersonal gefuerdert.

“Administratiivt Personal an alle Grondschoulen, fir beim administrativen Opwand ze hëllefen, esou datt d'Enseignantë sech méi op d'Kanner kënne konzentréieren.”

Och d’LSAP-Deputéiert Francine Closener huet verlaangt, datt d’Aarbechtsconditiounen an der Schoul erëm besser ginn.

“An net just ëmmer méi Drock op d'Personal gemaach gëtt duerch ëmmer erëm nei Ufuerderungen. Den Enseignant eleng kann einfach net alles stemmen. Eng Schoul ass kee Spidol a keng Psychiatrie. Et ass och keng Plaz, wou eng permanent eent zu eent Betreiung méiglech ass.”

Dowéinst misst de Staat Méiglechkeete ronderëm d’Schoul ubidden, fir eng héichwäerteg Prise en Charge vun deene Kanner ze assuréieren, déi wéinst gesondheetleche Problemer an der Schoul net richteg kéinte léieren.

Projet Alpha wier wichteg

D’Realitéit an de Grondschoule wier usprochsvoll, esou och den CSV-Deputéierte Ricardo Marques.

“Vill Enseignanten droen doduerch emotional eng immens grouss Belaaschtung. An dacks geschitt genee dat, wat mir eigentlech verhënnere wëllen. Suerge ginn net fréi genuch ugeschwat. An Erschëpfung gëtt eréischt erkannt, wann et scho bal ze spéit ass, wann de Burnout scho virun der Dier steet.”

Den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) huet erkläert, datt een d’Léierpersonal géif verbrenne mat engem Schoulsystem, deen net un d’Realitéit ugepasst wier. Dofir wiere Projete wéi de “Projet Alpha” esou wichteg.

Dobäi géif et dorëm goen, alle Kanner eng Perspektiv ze bidden, esou de Minister an der Chamber. Et wier wichteg, schrëttweis eng Schoul ze bauen, wéi se fir d’Zukunft richteg ass. Dat wier ee permanenten Effort. Wat d’Fuerderung no méi Personal ugeet, huet de Minister awer ënnerstrach, dat d’Mëttel net endlos wieren.

play_arrow Lauschteren