Fir de Comité pour une paix juste au proche Orient riskéiert d’Lëtzebuerger Regierung mat responsabel gemaach ze ginn, fir e Génocide. Dat sot de President vum CPJPO, de Jules Bartel, um Dënschdegmoie virun der Press. Trotz Resolutioune vun der UNO an engem Urteel vum Internationale Geriichtshaff, datt et e Risiko vun engem Genozid an der Gazasträif géif ginn, géif Lëtzebuerg sech weiderhin hannert eidele Floskele verstoppen, mengt de Jules Barthel.
"Lo stellt Iech einfach mol vir, wann an e puer Joer, alleguerten dat opgeschafft gëtt, wann sech lo erausstellt, datt et effektiv e Genozid war. Si riskéieren awer, u sech gesot ze kréien: Hei, Dir waart mat responsabel fir dee Genozid, deen do geschitt ass. Well et gëtt jo net konkreet reagéiert."
Weider weist de Comité pour une paix just op d’Situatioun am Westjordanland hin – do géif déi israelesch Arméi mat der selwechter Logik wéi och an der Gaza-Sträif Onschëlleger ëmbréngen. De Comité pour une paix just fäert, datt d’Westjordanland dat zweet Gaza kéint ginn.