D’Agente vun der Prisongsverwaltung hätten net déi selwecht Rechter wéi déi, déi d’Police op de Stroossen a puncto Arméierung huet. Dat géif bedeiten, datt si am Fall vun enger Flucht beispillsweis keng Méiglechkeeten hätten, ze handelen, esou d’Verwaltung an hirer schrëftlecher Positioun, no enger Ufro vum radio 100,7.
De Moment gëtt de ganzen Transport vu Gefaangene vun der Police gemaach an dës Collaboratioun géif gutt funktionéieren, esou d’Prisongsverwaltung.
Réckzéier vun der Regierung?
Wann de Gefaangenentransport d’Aufgab vun der Police bleift, da wier dat ee “Réckzéier vun der Regierung”. Dat kritiséiert iwwerdeems de Veräin “eran, eraus ... an elo?”, genee sou wéi d’Policegewerkschaft dat dës Woch gemaach hat.
Den CSV-DP-Koalitiounsaccord hat virgesinn, datt dësen Transport vun den Agent-pénitentiairen iwwerholl gëtt.