Israel erweidert iwwerdeems seng Buedemoffensiv am Libanon. Déi israeelesch Truppe sinn um Dënschdegmoie bis an de Südweste vum Libanon gaangen. Hir Truppe goufen och verstäerkt: Eng véiert Divisioun wier mobiliséiert ginn, esou déi israeelesch Arméi.
Och déi israeelesch Loftattacken op Ziler vun der Hisbollah Miliz am Libanon gi virun. Zu Beirut wier e weidere Kommandant vun der Hisbollah bei enger geziilter Attack ëm d‘Liewe komm, esou déi israeelesch Arméi. De Suhail Hussein Husseini hätt eng wichteg Roll gespillt fir Waffeliwwerungen aus dem Iran un hiren Alliéierten.
An der Gazasträif mellen d‘Autoritéiten, datt 17 Mënsche bei enger israeelescher Attack gestuerwe wieren.
D‘Hisbollah mellt iwwerdeems, datt si och rëm 85 Rakéiten op Israel geschoss hätt. D‘Stad Haifa, am Norde vun Israel, gouf massiv bombardéiert.
Um den éischte Joresdag vun der Hamas hirer Attack vum 7. Oktober zejoert an Israel huet den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an engem Videomessage betount: Israel géif weider kämpfen, géint d‘Hamas a géint d‘Hisbollah, a wier am gaangen, dee Kampf ze gewannen.