Radioen

On air

Am Buedmantel  |  John Martyn - May You Never

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patienten aus der Gazasträif sollen op Lëtzebuerg kommen

Gesondheetsministère

Patienten aus der Gazasträif sollen op Lëtzebuerg kommen

Lëtzebuerg géif eng Evakuatioun vu Patienten aus der Gazasträif preparéieren, fir si a Klinicken hei am Land ze behandelen. Dat huet d'Gesondheetsministerin Martine Deprez zu Kopenhagen ugekënnegt, op der Sëtzung vum regionale Kommitee vun der Weltgesondheetsorganisatioun fir Europa.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Aktuell feelt et an der Gazasträif u medizinnescher Hëllef. (Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

Wéi vill Leit aus dem palästinenseschen Territoire a Spideeler zu Lëtzebuerg kéinte bruecht ginn, gëtt net am Gesondheetsministère sengem Communiqué preziséiert. Weider heescht et, Lëtzebuerg géif och d'Méiglechkeet evaluéieren, fir medezinescht Material a Krisegebidder ze schécken.