Mat dësem Schrëtt kann d‘Justiz elo aktiv ginn. Um Donneschdegmoie gouf et scho Perquisitiounen an de Büroe vum Parlamentarier.
Hannergrond sinn Ermëttlunge fir déi de Parquet vun Dresden zoustänneg ass. Am Mee dëst Joer goufen Ermëttlunge wéinst Bestiechlechkeet a Blanchiment am Zesummenhang mat chineesesche Viremente lancéiert.
Ale Mataarbechter vum Krah viru Geriicht
Ee laange Mataarbechter vum AFD-Politker steet zur Zäit viru Geriicht mam Virworf fir e chineesesche Geheimdéngscht geschafft ze hunn. Dem Ugeklote gëtt virgeworf als dem Krah säin Assistent am deemolege Büro vum Europaparlament vun 2019 bis 2024 Informatioune gesammelt ze hunn an deelweis vertraulech Dokumenter u chineesesch Kontakter weiderginn ze hunn.
D’AFD gëllt als geséchert rietsextrem.