arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu Tréier koum et de Sonndeg bei der Bundestagwal zu enger Pann

Falsch Walziedelen

|
headphones

1 min

Zu Tréier koum et de Sonndeg bei der Bundestagwal zu enger Pann

Am Staddeel Tréier-Süd konnte Bierger fir Direktkandidaten ofstëmmen, déi si guer net kannt hunn: Fir d'Franziska Dezember vun der CDU, oder d'Alexandra Wend vun der SPD. Déi zwou Frae sinn nämlech am Walkrees Berlin-Pankow ugetrueden an net zu Tréier.

headphones

1 min

Walziedel Bundestagswal 2025 | © picture alliance / Hasan Bratic | Hasan Bratic
Walziedel Bundestagswal 2025 (Foto: picture alliance / Hasan Bratic | Hasan Bratic)

Géint 11 Auer mëttes war de Feeler opgefall, nodeems Wieler drop opmierksam gemaach haten. Wéi et dozou komme konnt, huet den Oberbürgermeister Wolfram Leibe dem SWR erkläert.

play_arrow Lauschteren

"Die Druckerei, wo Rheiland-Pfalz die Stimmzettel hat drucken lassen, war die gleiche Druckerei, die auch für Berlin gearbeitet hat. Und offensichtlich sind dann wenige Stimmzettel Berlin-Pankow von der Druckerei bei uns einsortiert worden."

15 Walziedele goufen duerch dee Feeler ongülteg.