arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rekord-Zuel vu Kandidature fir EU-Beamten ze ginn - 630 Kandidaturen aus Lëtzebuerg

EU-PERSONAL

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Rekord-Zuel vu Kandidature fir EU-Beamten ze ginn - 630 Kandidaturen aus Lëtzebuerg

Iwwer 170.000 Leit hu sech gemellt fir de Concours fir eng EU-Beamte-Carrière matzemaachen. Bal d’Hallschent kommen aus Italien a 630 aus Lëtzebuerg. Et ass déi éischte Kéier zënter siwe Joer, datt esou eng Prozedur lancéiert gouf.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Prozedur fir de Recrutement war am Februar dëst Joer lancéiert ginn. Si ass dës Woch op en Enn gaangen.

Et koume bal 175.000 Kandidaturen eran, mellt de “European Personnel Selection Office” (EPSO). Dat ass de Bureau, dee sech ëm d’Astelle vu Personal fir d’EU-Institutioune bekëmmert.

EU-Carrièren an Italien besonnesch beléift

D’Zuel hätt d’Erwaardunge bei Wäitem iwwertraff, schreift den EPSO an engem Communiqué.

Bei der leschter Prozedur am Joer 2019 goufen et 22.000 Kandidaturen.

Italien stellt dës Kéier mat ronn 80.000 déi meescht Kandidate. Dono komme Spuenien (13.800), Däitschland (11.700) a Griicheland (10.000).

630 Lëtzebuerger Kandidaturen

Aus Lëtzebuerg hu sech 630 Leit fir de Concours 2026 gemellt. 

Dobäi geet et ëm ronn 1500 oppe Plaze fir eng AD5-Funktioun: dat heescht permanent Beamteposten, fir déi jee no Déngschtalter eng Paie vu 6.000 bis 7000 Euro brutto pro Mount virgesinn ass.

Déi geografesch Balance beim EU-Personal ass ëmmer nees een Thema an der EU. Verschidde Länner ewéi eben Italien, d’Belsch, Frankräich awer och Griicheland sinn do nämlech par Rapport zu hirer Bevëlkerung iwwerrepresentéiert.

D’Ursaachen dofir sinn d’Situatioun op de nationalen Aarbechtsmäert an den Ënnerscheed am Niveau vun de Paien.

Versich fir méi Gläichgewiicht ze schafen

D’Europäesch Kommissioun huet schonn e puer Mol Initiative geholl, fir fir méi Gläichgewiicht ënnert de Natiounen ze suergen. Enger interner Evaluatioun no, gi 15 vun de 27 EU-Staaten an den europäeschen Institutiounen als ënnerrepresentéiert agestuuft.

Dat betrëfft virun allem Schweden, Dänemark an Holland, déi schonn e puer Mol un d’Kommissioun appelléiert hunn, eppes ze ënnerhuelen.

Am Hierscht 2025 hat den zoustännegen EU-Kommissär Piotr Serafin nei Richtlinnen erausginn, fir d’Lücken ze schléissen. 

De Plang gesäit vir, datt all EU-Institutioun, fir all nei Plaz op d’mannst ee Kandidat vun engem vun den ënnerrepresentéierte Staaten interviewe muss, an deene Kandidaten och de Virrang soll ginn, wa se d’nämmlecht qualifizéiert sinn.

Lëtzebuerg ass “ënner-representéiert”

Och Lëtzebuerg ass der Rechnung vun der EU-Kommissioun no ënnerrepresentéiert. D’Kommissioun huet op der Basis vun der Zuel vun den Europadeputéierten an der Bevëlkerung eng Richt-Quote fir all Land definéiert. Déi läit fir Lëtzebuerg bei 0,8 Prozent.

Ee Bléck op déi lescht Statistik vum 1. Oktober 2025 weist awer, datt de Grand Duché, wat d’Zuel vun de Beamte bei der Europäescher Kommissioun ugeet, just op 0,3 Prozent kënnt.

Der Lëtzebuerger Representatioun bei der EU no, schaffen am Ganze bei allen Europäeschen Institutioune ronn 400 Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit.

play_arrow Lauschteren