Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitlech manner Benefice zejoert

Autoshiersteller VW

Däitlech manner Benefice zejoert

Dat huet VW de Moie mat gedeelt. Wéinst dem Réckgang vun de VW-Venten a China a méi héije Käschten an Däitschland ass den Nettobenefice zejoert am Verglach zum Joer virdrun ëm 30% gefall op ronn 12,4 Milliarden Euro.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Snowfield Photography
(Foto: picture alliance / Snowfield Photography)

De leschte Wanter hat VW drastesch Spuermesuren annoncéiert, dorënner den Ofbau vu 35.000 Aarbechtsplazen an Däitschland.

De Chef vu VW a Porsche, den Oliver Blume, huet zejoert trotzdeem 10,35 Milliounen Euro verdéngt. Iwwer 5 Prozent méi wéi d'Joer virdrun. An dat, obwuel hien an de gesamte Virstand vu VW zejoert op 5 Prozent vun hirem fixe Salaire verzicht haten.