arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Besser Formatioune fir d'Inspektere vun der ITM, manner Aarbechtsaccidenter?

Bausecteur

|
headphones

5 min

headphones

3 min

play_arrow

Besser Formatioune fir d'Inspektere vun der ITM, manner Aarbechtsaccidenter?

D'Inspektere vun der ITM gi vum nächste Joer u beim IFSB, also dem Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment, forméiert. D'Gewerbeinspektioun erhofft sech dovun, datt manner intervenéiert muss ginn, wa méi op d'Preventioun gesat gëtt.

headphones

5 min

headphones

3 min

play_arrow
Pit Beffort | © Pit Beffort
Patrick Nemry (Direkter IFSB), Miguel Duarte (Responsabel vum SST beim IFSB) (Foto: Pit Beffort )

2024 war de Bausecteur fir ronn ee Fënneftel vun allen Aarbechtsaccidenter zu Lëtzebuerg verantwortlech, heescht et am Joresrapport vun der Assurance Accident. Fir datt den Undeel un Aarbechtsaccidenter am Bau erofgeet, soll méi op Preventioun gesat ginn.

Viru Kuerzem gouf en Accord de coopération ënnerschriwwen tëschent der Inspection du travail et des mines, kuerz ITM an dem IFSB, fir datt haaptsächlech d’Inspektere vun der ITM nach besser forméiert ginn. An der Vergaangenheet hätt ee schonn zesummegeschafft, an dat wéilt een elo nach méi maachen, esou de Patrick Nemry, Direkter vum IFSB. 

120 Stonnen Theorie a Praxis 

Dobäi géif et drëm goen, datt d'Inspekteren hiert Wësse weider verdéiwen, erkläert de Miguel Duarte, Responsabel fir d’Formatiounen zu Sécurité et Santé au travail beim IFSB. 

Als Beispill nennt hien eng Stee. Do géif et eng Recommandatioun vun der Assurance accident ginn, datt all Entreprise muss kontrolléieren, ob d'Stee an der Rei ass, éier se benotzt gëtt. 

"Et c'est la même formation que les inspecteurs vont suivre, comme ça ils apprennent la technique de l'échafaudage, mais aussi au niveau sécuritaire, qu'est ce qu'il faut faire, comment il faut utiliser l'échafaudage, quels sont les points à contrôler de cet échafaudage avant que des salariés l'utilisent."

D'Formatioun fir d'Inspektere besteet aus 15 Modullen an daueren am Ganzen 120 Stonnen. Déi gi vun Theorie iwwer Praxis. Dat wiere genee déi selwecht Modulle wéi een och dem Secteur géif ginn. 

"Ça veut dire les inspecteurs de l'ITM vont aussi être sujets au travail avec le harnais, par exemple. Ils devront aussi faire la formation théorie pratique du port du harnais. C'est ce qui est prévu aussi dans les formations pour les inspecteurs. Ça veut dire ils verront les difficultés qu'il peut y avoir lorsqu'on devra porter un harnais, dans quelles conditions, comment et tout ça."

Fir de prakteschen Deel vun der Formatioun kann den IFSB op d'Installatiounen op hirem Site zeréckgräifen. Si hunn hei Konstruktiounen, Material a Maschinne fir déi ënnerschiddlechst Zenarien nozestellen. 

Pit Beffort | © Pit Beffort
De Site vun der IFSB (Foto: Pit Beffort)

D'Formatiounen un den Terrain upassen 

Op der anerer Säit wäerten och Leit vun der ITM Formatiounen halen, fir d'Salarés désignés aus dem Bausecteur, esou de Patrick Nemry. 

"Parce que c'est le responsable de sécurité dans les entreprises. Donc c'est les inspecteurs qui viendront expliquer en fait c'est quoi leur rôle, leur mission et la législation en matière de sécurité de santé au travail."

Weider Formatioune fir Aarbechter:innen wieren de Moment net virgesinn. Duerch de Retour, deen ee vum Terrain kritt, kéint een an Zukunft iwwerleeën nei Modullen unzebidden oder déi Modullen, déi schonn existéieren, un den Terrain unzepassen, erkläert de Patrick Nemry. 

Manner repressiv a méi preventiv 

D'ITM hirersäits erhofft sech duerch eng besser Preventioun manner dacks mussen ze intervenéieren. Den Direkter vun der ITM, de Marco Boly, sot, seng Verwaltung géif dacks als repressiv empfonnt ginn. Dat sollt sech duerch d'Preventiounsaarbecht änneren. 

"Do si mir alleguerte gagnant. D'Betriber, d'Leit, déi keen Aarbechtsaccident méi hunn a mir als Inspektioun, déi dann och net mussen erausfuere respektiv kontrolléieren an herno schlussendlech esouguer musse sanctionéiere respektiv d’Fermeture vu Chantieren erwierken, wat jo ëmmer eng Perte économique ass."

Den Accord de coopération gesäit och Sensibiliséierungscampagnen an Konferenzen zum Theema Sécherheet um Bau vir. Nëmme wann een déi richteg Gesten ëmmer nees géif widderhuelen, géifen d’Mesuren och an der Praxis ëmgesat ginn, esou d’ITM an den IFSB.

Pit Beffort  | © Pit Beffort
An de Gebailechkeete vun der IFSB (Foto: Pit Beffort)

play_arrow Lauschteren