Zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Aarte vum Ausstierwe bedrot oder sti kuerz virdrun, esou den Observatoire de l’Environnement naturel am Kontext vum internationalen Dag vum Erhalt vun der Biodiversitéit.
D'Feldhong: Vun 10.000 op 3
Gutt Beispill dofir ass d'Feldhong, wéi de Jacques Pir vum Observatoire de l’Environnement naturel erkläert.
"Dat ass fréier bal iwwerall virkomm. Mir haten ongeféier eng zéngdausend Bruttkoppelen, déi hei am Land gebréit hunn. Mir sinn haut nach op zwee, dräi Déieren. Dat ass eng Aart, déi kuerz virum Ausstierwe steet."
Dacks hätt d'Aartestierwen och mat der Landwirtschaft ze dinn, wéi de Jacques Pir seet.
"Haut ass et awer esou, dass mir duerch eng ëmmer méi mechaniséiert oder industrialiséiert Landwirtschaft op méiglechst grousse Flächen deenen Aarten awer erëm hire Liewensraum huelen."
Déi Aarten déi um oppene Feld an an de Wisen doheem sinn, wiere bedrot.
Kritik un der Landwirtschaftskammer
Nieft der Iwwerdüngung vun Uewerflächen a Grondwaasser, kéim de grousse Problem vun de Pestiziden nach aus der Landwirtschaft op d'Natur duer. Dofir kritiséiert de Jacques Pir och d'Landwirtschaftskammer, déi nach méi wäit wëll goen.
"Et ass befriemlech,wann e President vun enger Landwirtschaftskammer fuerdert, dass och an Drénkwaasserschutzgebitter dierf weider gesprëtzt ginn, wou mir wëssen, dass d'Landwirtschaft, niewent der Zerstéierung vun de Liewensraum, eigentlech d'Haaptdreiweren vun deem schlechten Zoustand vun der Natur zu Lëtzebuerg sinn."
De Jacques Pir wëllt awer net dem eenzelne Bauer d’Schold fir d’Situatioun ginn. Den Ëmweltschützer géing sech wënschen, datt d’Politik eng méi nohalteg Landwirtschaft fir d’Bauere méi attraktiv géing maachen.
Text vum Luca Di Santolo