arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Anästhesisten oder Urgentisten: Wie sinn déi besser SAMUs-Dokteren?

Debatt ëm de SAMU

|
headphones

2 min

headphones

11 min

play_arrow

Anästhesisten oder Urgentisten: Wie sinn déi besser SAMUs-Dokteren?

Schwaarz Schof hätt een an alle Beruffsgruppen, seet de Philippe Welter. De President vum Cercle vun den Anästhesiste reagéiert domat op eng Ausso vum CGDIS-Direkter, deen “net versteet firwat een d'office kéint soen, en Urgentist kann dat net maachen an en Anästhesist kann dat maachen”.

headphones

2 min

headphones

11 min

play_arrow

Et misst een d’Kompetenze vun den eenzelnen Dokteren, egal op Urgentist oder Anästhesist kucken, sot de CGDIS-Direkter Paul Schroeder d’lescht Woch am 100,7-Interview. Eng Kompetenz erléiert ze hunn oder se am CV stoen ze hunn, wier awer net dat nämmlecht wéi déi Kompetenz all Dag ëmzesetzen.

"Pabeier ass gedëlleg"

Et géif och net nëmmen ëm d’Intubatioun goen, seet de Philippe Welter, mee ëm de ganze Management hannendrun. A ronn 15 Prozent vun de SAMUs-Asätz misst e Patient intubéiert ginn, ma dozou géif méi gehéiere wéi nëmmen de Schlauch richteg ze placéieren.

“Mee et ass awer och kucken, datt dee Patient lieweg an d'Spidol kënnt. An do ass déi ganz Anästhesie hannendrun, well dee Patient gëtt jo forcement ageschlof oder et ass eng Reanimatioun, (da brauch en net onbedéngt ageschlof ze ginn) an et ass dat, wat den Haaptuleies ass bei eis Anästhesisten, well dat eise Core-business definitiv ass.”

De CGDIS-Direkter Paul Schroeder hat iwwerdeems betount, datt och Urgentisten all Dag an der Urgence géifen intubéieren. Dat wier net richteg, wëllt de Philippe Welter kloer stellen.

Wisou e Problem léisen, deen net do ass?

Et géif keng Penurie un Anästhesisten zu Lëtzebuerg ginn an domat och kee Grond d’SAMUs-Besatzung ze änneren. Am Ausland géifen och Urgentiste SAMU fueren, well et do duerchaus eng Penurie géif ginn.

“Wann een 80 Prozent vun den Asäz kuckt, kënne si déi och ouni Weideres droen, ma et sinn eeben déi 15 oder 20 Prozent wou et wierklech ëm d’Liewe geet, wou mir soen d’Urgentisten hunn déi Routine net.”

“Si ruffen eis an d'Urgence, wann et schwiereg gëtt – Mir ruffe si net op d'Intensivstatioun”

Grad well et hei keng Penurie an de SAMUs-Ekippe kënnt, gesäit de Philippe Welter kee Grond d’Qualitéit vum SAMU erofzeschrauwen. An der Urgence géif och d’Team vum Anästhesist an Infirmier anesthesiste geruff ginn, wann de Patient sech degradéiert oder instabil gëtt. Dobaussen um Terrain kéint den Urgentiste kee méi noruffen, esou de Philippe Welter.

“Dat heescht, dann hat een eebe Pech – fir et esou ze soen – wa si net richteg eens ginn.”

Ëm d’Sue géif iwwerdeems net goen, seet nach de Philippe Welter.

play_arrow Lauschteren