arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Am Plaz vu Couetten: Douane huet 600 Kilogramm Marihuana a Liwwerung fonnt

Parquet deelt mat

|
headphones

1 min

Am Plaz vu Couetten: Douane huet 600 Kilogramm Marihuana a Liwwerung fonnt

Grouss Decouverte vun der Douane um Fluchhafen. 600 Kilogramm Marihuana haten d‘Douanieren de 4. August fonnt, dat deelt de Parquet mat. Bei enger Routineskontroll vun enger Liwwerung aus den USA wieren Onstëmmegkeeten opgefall.

headphones

1 min

Laut den Dokumenter sollte Kottengscouetten an Holland geliwwert ginn. An der Liwwerung enthale waren awer 903 Päck mat all Kéiers tëschent 600 a 700 Gramm Marihuana. Alles an allem waren dat 600 Kilogramm Marihuana vun, toxikologeschen Analysen no, "gudder Qualitéit" steet am Communiqué vum Lëtzebuerger Parquet.

Holland huet Enquête iwwerholl

D‘Wuer gouf confisquéiert. An enger Operatioun zesumme mat den hollänneschen a belschen Autoritéite gouf se dann, ënner Opsiicht, un déi virgesinn Adress geschéckt.

Déi Persoun, déi d‘Drogen entgéint geholl hat, gouf du festgeholl. D‘Enquête gouf vun den hollänneschen Autoritéiten iwwerholl.

Fir dës Enquête net ze beaflossen, gouf elo réischt iwwer de Fall kommunizéiert, heescht et nach am Schreiwes vum Parquet.