Leschten Donneschdeg huet d’Regierung zesumme mat de Gewerkschaften an de Chambre professionellen um sougenannte KI-Dësch den Impakt vun der Kënschtlecher Intelligenz op d’Aarbechtswelt diskutéiert.
Mat um Dësch souzen ënner anerem Vertrieder vun der Chambre de commerce, net awer vun der UEL, der Union des Entreprises Luxembourgeoises. Eppes, wat ënner anerem vun der OGBL-Presidentin Nora Back kritiséiert ginn ass.
KI-Dësch: UEL-Absence Suite vun enger logescher Opdeelung
Fir de Marc Lauer, Vizepresident vun der Chambre de commerce, war dës Opdeelung allerdéngs genau déi richteg. D’Chambre professionelle wieren do, fir d’Regierung ze beroden an ze begleeden. D’UEL géing sech éischter ëm de Volet Aarbechtsrecht a Soziales këmmeren, esou de Marc Lauer am 100,7-Interview.
Datt d’KI awer och virun deene Beräicher net halt mécht, weess de Vizepresident vun der Chambre de commerce och. Mee: Bei esou Entrevuë misst ee sech op eent nom anere konzentréieren, an net alles op eemol diskutéieren.
Nom KI-Dësch ware sech d’Vertrieder eens: D’KI bitt Opportunitéiten, mee och Risiken. De Marc Lauer awer fënnt et schued, datt ee meeschtens just vun de Suerge schwätzt, an net vun den Opportunitéiten.
“Et ginn e ganze Koup Méiglechkeeten, wéi mir méi produktiv an effikass, an och besser schaffe kënnen. De Choix ass net 'KI oder net KI'. D’ganz Welt wäert dee Phänomeen weider begleeden. Mir musse kucken, d’KI esou gutt et geet a vertraglech mat eise Wäerter unzewennen.”
Datt et eng gewëssen Angscht gëtt, wier normal, mengt de Marc Lauer. Dacks wier ee bei neie Saachen am Ufank ëmmer vill méi pessimistesch.
Responsabilitéit elo beim Patronat
Op Patronatssäit misst een awer elo nach vill opschaffen, fir d’Entreprisen och op de Wee vun der KI ze kréien. Jidderee kennt ChatGPT, seet de Marc Lauer, mee et muss ee sech och Gedanke maachen, wéi een esou Technologien am beschten innerhalb vun engem Betrib notzt.
“All Secteur muss fréier oder spéider op verschidden Aart a Weise mat KI schaffen.”
Dofir gëllt et, vill ze sensibiliséieren an ze forméieren, betount e Marc Lauer. Wann een eppes géing besser kennen, dann hätt een och manner Angscht, mengt de Vizepresident vun der Chambre de commerce.
“D’Gesellschaft an de Schaffalldag ännere sech. Virun 20 Joer haten déi éischt en Handy. Elo gesäit ee kaum een, deen net andauernd den Handy am Grapp huet.”
Europäesch Léisunge virzéien, awer net ëm all Präis
Och a Saache KI stellt sech d’Fro vun der Of-, bezéiungsweis Onofhängegkeet vun auslänneschen Entreprisen. Et ass kee Geheimnis, datt aktuell US-amerikanesch a chineesesch Firmen a Saache Kënschtlech Intelligenz d’Nues vir hunn.
Rezent huet d’Lëtzebuerger Regierung eng Kooperatioun mat der franséischer KI-Startup Mistral ugekënnegt. Dat géing ee begréissen, esou de Marc Lauer, deen dofir plädéiert, datt Europa sech an deem Beräich och en Numm mécht. Dofir bréicht et allerdéngs och déi néideg Ressourcen a legale Kader, fir mat China an den USA matzehalen.
Konkreet misst herno awer all Entreprise fir sech déi beschte Léisung fannen. Hie géing dofir net soen, datt een onbedéngt misst mat europäesche Solutioune schaffen, mee wann dës genau esou gutt si wéi déi amerikanesch oder chineesesch Produiten, “firwat dann net?”.
Optimismus a Saache Sozialdialog?
E weidere KI-Dësch ass geplangt. Et war och déi éischte Kéier zënter dem Sträit mat de Gewerkschaften, datt een nees zu dräi un engem Dësch souz.
De Marc Lauer war zwar net op aneren Dëscher present, wéi hie betount, mee d’Diskussioun um KI-Dësch wier “oppen a frëndlech” gewiescht, an e Virbild fir zukünfteg Entrevuen.