arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CPTE no 8 Méint nees zesummen - Gespréicher wiere konstruktiv gewiescht

Comité permanent du travail

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

CPTE no 8 Méint nees zesummen - Gespréicher wiere konstruktiv gewiescht

Regierung, Patronat a Gewerkschaften hu sech haut fir déi éischte Kéier zënter bal aacht Méint nees zesummen am Comité permanent du travail et de l’emploi gesinn. D’Gewerkschaften haten de Gremium ënner dem viregten CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo verlooss.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
(v.l.n.r.) Michel Reckinger, Luc Frieden, Nora Back, Patrick Dury | © SIP / Julien Warnand
(v.l.n.r.) Michel Reckinger, Luc Frieden, Nora Back, Patrick Dury (Foto: SIP / Julien Warnand)

Fir de President vum Patronatsverband UEL Michel Reckinger wier dës Reunioun de Beweis dofir, datt ee méi séier géif weiderkommen, wann een zu dräi um Dësch sëtzt.

"Wann ee vis-à -vis vuneneen ass, da kann een direkt reagéieren op dat, wat deen anere gesot huet, fir direkt ze soen, nee, dat hues de falsch verstanen oder dat ass esou gemengt. Dat heescht, mir si wierklech hei e gutt Stéck weider komm"

Och d’OGBL-Presidentin Nora Back huet de positiven a konstruktiven Toun vun den Diskussiounen de Moie gelueft, mee:

"Et ass awer nach näischt dobäi erauskomm. Also mir hu keng Resultater. Mir hunn nach keen Text op, dee mer eis eens wieren. Dat heescht et geet weider."

D’Sujeten ëm déi et geet sinn: Méi kloer Reegele fir Online-Plattformen déi zum Beispill Iesse liwweren, méi Kollektivverträg an d’Loungläichheet tëschent Mann a Fra.

Nach virun der Vakanz Texter ausschaffen

Am grousse Ganze géif op den dräi Theemen e Konsens tëschent de Sozialpartner bestoen. An den nächste Woche soll den Detail weider ausgeschafft ginn, sot den CSV Aarbechtsminister Marc Spautz.

"Fir dann an deenen nächste Comité, dee mer nach virun der Vakanz maachen, kënnen och mat Texter konkreet schaffen, fir datt mer dann d'Méiglechkeet hu bei der Rentrée, wa mer dann Accorde fannen, och dat op den Instanzewee ze ginn."

Souwuel Gewerkschafte wéi och Patronat sinn zouversiichtlech, datt séier Resultater op den Dësch kommen. Den LCGB-President Patrick Dury sot allerdéngs och, et sollt ee sech dobäi selwer net ënner Drock setzen.

play_arrow Lauschteren