arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sous-traitante vu Wolt si mat dee gréisste Problem a weiderhin ënner Kontrakt

Plattformaarbechter

|
reading time

2 min

Sous-traitante vu Wolt si mat dee gréisste Problem a weiderhin ënner Kontrakt

Den Informatiounen vum OGBL no hätt d'Onlineliwwerplattform Wolt d'Kontrakter mat Sous-traitanten an de leschte Woche verlängert, sot den David Angel vum OGBL am 100,7-Interview. Déi Informatioune si contraire zu de Meldunge vun der Luxembourg Times, datt Wolt déi Kontrakter wéilt auslafe loossen.

reading time

2 min

Protestaktioun vu Wolt-Mataarbechter:innen op der Paräiser Plaz | © Radio 100,7
Protestaktioun vu Wolt-Mataarbechter:innen op der Paräiser Plaz (Foto: Radio 100,7)

Déi Sous-traitante wieren awer mat dat Schlëmmst, wat et an deem Secteur iwwerhaapt géif ginn, erkläert den David Angel. Déi géife beispillsweis Livreuren an d'Flüchtlingsstrukturen ofwerbe goen. 

"Déi Leit ouni gülteg Openthaltsgeneemegung fir si schaffen doen. Déi d'Leit zwénge Kommissiounen ofzedrécken, fir däerfe fir si ze schaffen. Déi mat ganz schlëmme Methoden d'Leit ënner Drock setzen an ausbeuten."

Wolt wëllt wuel näischt vun esou Praktike wëssen

Bei hirer Reunioun mat Vertrieder:inne vun der Liwwerplattform Wolt hätten déi behaapt, et hätt ee keng Kenntnis vun esou Methoden, seet den David Angel. 

"Wolt seet, si hätte vun esou Praktike bis elo nach näischt matkritt. Si géifen dat awer natierlech absolutt condamnéieren. Mee wann ee se da freet, wat se dann dogéint maachen, konkreet, kënne se och dorobber keng Äntwerte liwweren."

Konkret Mesurë fir géint déi Firme virzegoen, wieren net proposéiert ginn, esou nach den David Angel. Wolt hätt de Gewerkschaftsvertrieder:inne gesot, si géifen haut probéieren een neie Rendez-vous ze proposéieren, op deem se da géifen Äntwerten op d'Froe liwweren. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam David Angel