Livreuren, déi Iessen ausliwweren, schaffen zum Beispill dacks als Independant. Ob dat legal ass, doriwwer huet d’Aarbechtsgeriicht viru Kuerzem an éischter Instanz tranchéiert.
Sanktiounssystem incitéiert bestëmmte Schichten ze schaffen
Am Mëttelpunkt vum Prozess stoung de Gérard Anduyan, deen och an eisem Podcast "Ausgeliwwert" zu Wuert koum. De Gérard huet bis virun e puer Joer fir d’Plattform Wedely als Independant Iessen ausgeliwwert. Viru Geriicht wëllt hie seng Aarbecht vun deemools awer elo als Salarié unerkannt kréien.
Dat mécht hien ënner anerem u sengen Aarbechtszäite fest. Hien hätt nämlech a Schichte geschafft. D’Plattform hätt ee Sanktiounssystem, deen d’Livreure soll incitéieren, wärend bestëmmte Creneauen ze schaffen. Eng Kéier huet hie sech kuerzfristeg fir eng Schicht ofgemellt, doropshi goufe seng Schichte fir den Dag drop annuléiert. Dofir hat de Gérard Anduyan d’Aarbechtsgeriicht saiséiert. Krut do awer an éischter Instanz net Recht.
Beweisflicht soll an Zukunft op Patron falen
Dat well hien, dem Geriicht no, net genuch Beweiser konnt virleeën, déi op eng Subordinatioun zu engem Patron hiweisen, esou seng Affekotin Virginie Verdanet. Eppes wat si net kann novollzéien. Si wier optimistesch gewiescht, datt hire Client Recht kritt. Den aktuelle Gesetzer no ass et um Aarbechter oder der Aarbechterin Beweiser virzeleeën, datt hien/si net wierklech als Independant geschafft huet.
Der Virginie Verdanet no wier dat dann Interpretatiounssaach.
Eng europäesch Direktiv soll deemnächst zu Lëtzebuerg a Kraaft trieden. Domat soll d’Beweisflicht op de Patron falen. Dee muss da beweisen, datt den Aarbechter oder d’Aarbechterin als Independant geschafft huet.
Fir d’Affekotin wier dat ee grousse Fortschrëtt. Mee och ouni déi Ännerung ass si der Iwwerzeegung, datt si am Appell kënne gewannen. An deem Fall wier dat ee wichtege Prezedenzfall.